Artistescht SchwammenLëtzebuerg trëtt fir eng éischte Kéier mat enger Ekipp op der Jugend-Europameeschterschaft un

Bern Thill
D'Jugend-Europameeschterschaft ass vum 4 - 7. Juli an der Coque
Artistescht Schwamme soll zu Lëtzebuerg mei populär ginn
D'Jugend-Europameeschterschaft ass vum 4 - 7. Juli an der Coque

De SyncroCup, organiséiert vum Swiming Lëtzebuerg, ass mat 33 Editiounen e sportlecht Traditiouns Evenement. Dëst Joer gouf et eng Neierung. Fir déi Éischte Kéier huet nämlech eng Lëtzebuerger Jugendnationalekipp vum artistesche Schwammen deelgeholl. Des Ekipp gouf haaptsächlech op d’Bee gestallt, fir un der Jugend-Europameeschterschaft deelzehuelen, déi vum 4. bis zum 7. Juli an der Coque wäert stattfannen. Dëst huet eng staark Motivatioun bei de jonken Athletinnen entwéckelt.

D’Trainingsintensitéit ass op 22 Stonnen an der Woch erhéicht ginn an et gouf u 6 Kompetitiounen am Ausland deelgeholl.

Déi jonk Schwëmmerinne wëllen natierlech Lëtzebuerg esou gutt wéi méiglech op der internationaler Bün vertrieden. An dat ass kaum méiglech ouni intensiv Preparatioun.

Déi Ukrainesch Trainerin, Katerina Podgurska, ass zefridde mat der Entwécklung vun hirem Team.

Duerch des grousst europäescht Event wëll d’Federatioun des Waassersportaart dobausse méi visibel maachen an et gëtt gehofft, dass méi jonk Leit d’artistescht Schwamme wäerten entdecken.

Back to Top
CIM LOGO