Véier Joer no Enn vu ProfikarriärSerena Williams feiert Comeback bei WTA-Tournoi zu London

RTL Lëtzebuerg
Déi 44 Joer al Tennis-Ikon wäert fir en Double-Tournoi zu London nach eemol aus der sportlecher Retraite kommen.
© AFP

D‘Rekord-Tennisspillerin Serena Williams huet wëlles, d'nächst Woch erëm bei engem WTA-Tournoi unzetrieden. Dat véier Joer, nodeems si vum Profi-Tennis zeréckgetrueden ass. Déi haut 44 Joer al Ikon huet 23 Grand-Slame gewonnen a war 319 Wochen op Plaz 1 vun der Weltranglëscht. Nächst Woch huet si eng Wildcard, fir am Doubel bei engem Tournoi zu London unzetrieden.

Hir Schwëster Venus ass nach sporadesch op Tournoien aktiv. Bei den Australian Open am Januar war déi 45 Joer al Spillerin mat enger Wildcard ugetrueden, awer net iwwert déi éischt Ronn erauskomm.

Back to Top
CIM LOGO