
D'Lëtzebuerger Rugby-Nationalekipp huet an der Rugby Europe Conference alle véier Matcher géint Norwegen, Estland, Finnland a Lettland kloer fir sech entscheet. Mat dräi Bonuspunkte stoungen d’Lëtzebuerger mat 15 Punkten un der Spëtzt vun hirem Grupp A. Um Enn hat d’Ekipp am Ganzen 203 Punkten am Score an nëmmen 23 Punkten zougelooss, dat ass en absolutte Spëtzewäert.
Wéi d’Gruppespiller eriwwer waren, huet de Verband Rugby Europe d’Reegele fir d’Qualifikatioun ugewannt. Well an de verschiddene Gruppen net déi selwecht Unzuel u Matcher gespillt gouf, gëtt de Pool-Gewënner mat dem beschte Punkten-Duerchschnëtt pro Match fir de Playoff ausgewielt.
Hei hat Lëtzebuerg schlussendlech Nodeeler. Malta konnt seng dräi Matcher all mat Bonuspunkt gewannen, wat hinnen en Duerchschnëtt vu 5 Punkte pro Match abruecht huet. Lëtzebuerg hat am Match géint Finnland knapp kee Bonuspunkt kritt a koum domadder nëmmen op 4,75 Punkten am Duerchschnëtt. Dobäi war d'Leeschtung vun de Lëtzebuerger offensiv an defensiv impressionant. Mat 50,75 Punkten am Duerchschnëtt pro Partie hu si méi markéiert wéi Malta (40,3) a si hu mat nëmme 5,75 géintiwwer 19 op malteesescher Säit och manner kasséiert. Trotzdeem huet de System zu Gonschte vu Malta ausgeschloen.
D'Malteeser wäerten elo op Éisträich treffen, fir d’Promotioun an d’Rugby Europe Trophy auszehandelen. De Lëtzebuerger Trainer James Kent huet sech no der Entscheedung fair gewisen: „Ouni Néierlag duerch d’Saison ze kommen an alle véier Matcher ze gewannen, reflektéiert de Charakter an d’Engagement vun dëser Ekipp. Natierlech si mir enttäuscht, datt et net fir de Playoff duergaangen ass, mee d’Spiller hunn de Lëtzebuerger Rugby op héchstem Niveau vertrueden a verdéngt un der Gruppespëtzt ofgeschloss.“
De Fokus geet fir d’Lëtzebuerger Rugbyspiller elo op d'Sevens-Saison am Juni. Souwuel d’Häre- wéi och d’Dammenekipp wäerten do un de Rugby Europe Conference 7s am Andorra deelhuelen.