COSL"Spillfest 2026" an der Coque an am Park Kierchbierg

RTL Lëtzebuerg
D'Spillfest vum COSL op Christi Himmelfaart ass no méi wéi véier Joerzéngte fir déi éischte Kéier an der Coque an am Park Kierchbierg.
© René Pfeiffer

Spaass un der Beweegung, gemeinsaamt Erliewen an d'Entdecke vun neie Sportaarten: dorëms geet et zanter méi wéi 40 Joer um Spillfest vum Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois. D'Editioun 2026 wäert op Christi Himmelfaart eng éischte Kéier an der Coque an am Park Kierchbierg organiséiert ginn.

Grouss Offer

De COSL, an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg a ville Sportfederatiounen, huet mat den Infrastrukturen um Kierchbierg ganz nei Méiglechkeeten. Fir déi éischte Kéier kënnt och d'Element Waasser an d'Spill. Ënnert dem Motto "... du sport et de l'eau!" kënnen Aktivitéite wéi Aquafitness, Waassergymnastik oder Dauchen ausprobéiert ginn. Interesséierter sollen also hir Schwammsaachen net vergiessen.

Mat méi wéi 70 Atelieren a ronn 700 Fräiwëllegen ass de logisteschen Opwand enorm, deen awer och weist, wéi grouss d'Engagement fir d'Manifestatioun ass, esou d'Organisateuren. Mat ronn 15.000 Visiteure pro Joer zielt d'Spillfest zu de gréissten Eventer am Breedesport zu Lëtzebuerg.

Spillfest-App a "LëtzMoveFinder"

Am digitale Beräich ginn d'Organisateuren nei Weeër, fir eng nohalteg Vernetzung iwwer d'Spillfest eraus z'erreechen. Mam neien Tool "LëtzMoveFinder" kréien Interesséierter d'Méiglechkeet, direkt mat enger Federatioun oder Fachleit a Kontakt ze trieden, fir datt et net bei engem eemolege Versuch um Spillfest bleift an e méi laangfristegt Engagement an enger bestëmmter Sportaart net ausgeschloss ass. Et gëtt konkret gewisen, wéi eng Aktivitéiten et wou gëtt a wéi ee se weiderféiere kann.

A Kooperatioun mat der LFA ass dann och d'Spillfest-App entwéckelt ginn. Visiteure kënne sech am Virfeld via QR Code registréieren a kréien dann op der Plaz en Aarmband mat engem integréierte Code. Esou ass d'Matmaachen an de verschiddenen Atelieren duerch direkt Scanne vum Band méi einfach an d'Ofleef gi méi flësseg. Wien op d'mannst siwen Ateliere besicht, kritt als Belounung en Turnsak. Bei 12 Statioune wénkt en T-Shirt.

Sport a Spill fir d'ganz Famill

Nieft der sportlecher Offer ass mat Foodtrucken, Büneprogrammer an attraktive Gewënner fir Ofwiesslung gesuergt. Bezuelt gëtt iwwert e System ouni Boergeld, wat den Oflaf zousätzlech méi einfach soll maachen. D'Spillfest gëtt finanziell ënnerstëtzt vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, der Solidarité Olympique an der Stad Lëtzebuerg, deenen hiert Engagement e wichtegen Deel zur Ëmsetzung vun deem groussen Event bäidréit.

D'Leitmotiv "Sport for all" ass dobäi méi wéi just e Slogan. Zil vum Spillfest ass et, Mënschen onofhängeg vun Alter, Hierkonft oder kierperleche Viraussetzunge fir Beweegung ze begeeschteren. Den traditionellen Event riicht sech u jiddereen: Kanner, Jugendlecher, Famillen a Seniore si gläichermoossen ugeschwat. E besonneschen Accent läit um Thema Inklusioun. An Zesummenaarbecht mat dem Luxembourg Paralympics Committee a Special Olympics Luxembourg gi vill Atelieren esou organiséiert, datt se och fir Mënsche mat Aschränkungen zougänglech sinn.

Fir de 14. Mee entspaant op d'Spillfest an erëm heem ze kommen, recommandéieren d'Organisateuren, vum Tram a vun de Park & Ride Offeren um Kierchbierg an um Glacis ze profitéieren.

Back to Top
CIM LOGO