BeachvolleyballEkipp Hilbert/Weber wënnt Bronze beim MEVZA-Tournoi an Tschechien

RTL Lëtzebuerg
Bei engem internationale Beachvolleyball-Tournoi an Tschechien waren de Weekend zwou Lëtzebuerger Ekippen dobäi. Een Duo huet et dobäi op de Podium gepackt.
© MEVZA

De Lëtzebuerger Duo Hilbert/Weber huet beim internationale MEVZA-Beachvolleyball-Tournoi an Tschechien d'Bronzemedail gewonnen.

Zu Benesov waren déi Zwee gutt an d'Gruppephas gestart a konnte sech mat zwou Victoiren direkt fir d'1/4-Finalle qualifizéieren. Fir dat anert Lëtzebuerger Duo Pernossi/Wolff war et an engem liicht méi schwéiere Grupp eng deels knapp Defaite (19:21, 9:21) géint d'Nummer 1 vun der Serie Perusic/Sedlak ginn an duerno eng nach méi knapp Néierlag am Tiebreak géint eng Ekipp, déi scho vill Erfarung op der World Tour hat.

Géint genee dës Ekipp krut et dann den Duo Hilbert/Weber an de 1/4-Finallen ze dinn, wou sech d'Lëtzebuerger am Tiebreak mat 15:10 behaapte konnten. An der 1/2-Finall gouf et da géint de staarken tschechesche Géigner-Duo Bercik/Bercik näischt ze huelen, sou datt et fir den Ofschloss nach ëm d'Bronzemedail gaangen ass. Do konnte si sech dann och nees am Tiebreak mat 15:13 duerchsetzen a sech mat op de Podium stellen.

Den Turnéier gewanne konnt um Enn den Duo Perusic/Sedlak.

© MEVZA

Back to Top
CIM LOGO