Equipped Powerlifting EuropameeschterschaftEuropa-Rekord bei den M3 vum Mark Notschaele

RTL Lëtzebuerg
Vum 1. bis den 10. Mee war zu Pilsen an Tschechien d'Europameeschterschaft am Equipped Powerlifting.
De Mark Notschaele (2. vu lénks) mam Nationaltrainer Alain Hammang (2. vu riets).
De Mark Notschaele (2. vu lénks) mam Nationaltrainer Alain Hammang (2. vu riets).
© Powerlifting & Weightlifting Federation Luxembourg PWFL

Nom Weltrekord vum Ankie Timmers huet de Mark Notschaele e weideren internationale Rekord fir Lëtzebuerg opgestallt, dëst direkt zweemol. Op der Europameeschterschaft am Equipped Powerlifting zu Pilsen an Tscheschien koum hie bei de Masters 3 iwwer 120 kg am General op déi éischt Plaz. Dëst mat engem Squat vun 255 kg, wat och en nationale Rekord ass, 210 kg am Bänkdrécken an 266,5 kg am Deadlift.

Scho bei sengem zweete Versuch vun 260,5 kg am Deadlift huet de Mark Notschaele den Europa-Rekord fir d'éischte Kéier gebrach. Mat engem Total vu 731,5 kg huet hien och en neie Lëtzebuerger Rekord opgestallt.

Back to Top
CIM LOGO