LiichtathletikD'Patrizia van der Weken virun der Indoor-WM a Polen

Bern Thill
E Samschdeg gëllt et fir d'Patrizia van der Weken. Da sinn d'Competitiounen am 60-Meter-Sprint. Déi Lëtzebuerger Delegatioun ass a Polen ukomm.
D'Patrizia van der Weken virun der Indoor-WM a Polen
E Samschdeg gëllt et fir d’Patrizia van der Weken. Da sinn d’Competitiounen am 60-Meter-Sprint. Déi Lëtzebuerger Delegatioun ass a Polen ukomm.

Wärend de leschten Traininge virun der Weltmeeschterschaft ass virun allem Wäert op d’Qualitéit, d’Recuperatioun an d’Schoune vum Organismus geluecht ginn. D’Delegatioun ass zu Torun a Polen ukomm. Hei kenne si sech aus. Zu Torun hat d’Patrizia Van der Weken deen drëttbeschte Chrono vun der Saison weltwäit op de 60 Meter Sprint realiséiert. Den Trainer Arnaud Starck an d’Patrizia hunn d’Lëscht vun de Sprinterinnen, déi um Depart vun der 60 Meter Course wäerte sinn, ënnert d’Lupp geholl.

D’lescht Joer waren d’Elteren op der Europameeschterschaft mat dobäi. Fir d’Patrizia ass et wichteg, dass e puer Supporter an der Hal wäerte sinn. An déi Lëtzebuerger Delegatioun mam Viktoria Rausch op de 60 Meter Hürden an dem Vera Hoffmann op de 1.500 Meter wäerte sech géigesäiteg ënnerstëtzen.

Mir drécken d’Daumen a streamen e Samschdeg den Owend dem Patrizia van der Weken seng Courssen.

Back to Top
CIM LOGO