
D’Sportministesch Martine Hansen huet preziséiert, dass d’CNES (Commission Nationale d’Éthique dans le Sport) op enger gemeinsamer Initiativ vum Lëtzebuergeschen Olympesche Comité, dem Sportsministère an dem Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an Diversitéit baséiert. Nieft der Ethik, déi eng zentral Roll spillt, soll och an der nationaler Integritéitspolitik de Schutz vun de Persounen (Safeguarding), de Kampf géint Doping an d’Preventioun vu Manipulatiounen am Sport weiderhin am Fokus stoen.
De Michel Knepper, President vum COSL, huet ënnerstrach, wéi wichteg et ass, dass d’CNES als komplett onofhängegt Gremium funktionéiert. Dat bedeit, dass Persounen an der Kommissioun vertruede sinn, „déi net am Alldagsgeschäft involvéiert sinn“, fir eng neutral a kredibel Aarbecht ze garantéieren. No den Diskussiounen, déi am Kader vum Fall Gerson Rodrigues entstane sinn, goufen d’Aarbechten am leschte Joer lancéiert. Aktuell befënnt sech de Projet an der finaler Phas, mat dem Zil, d’CNES am Fréijoer 2026 operationell ze maachen.
Eng besonnesch grouss Roll spillt an Zukunft de Volet „Safeguarding“. Dëse gëtt ënnert der ALAD (Agence Luxembourgeoise Antidopage) integréiert, déi geschwënn an d’ALIS (Agence Luxembourgeoise pour l’Integrité dans le Sport) ëmbenannt gëtt. Hir Haaptmissioun bleift de Kampf géint Doping an d’Bekämpfung vu Sportmanipulatioun, mee gläichzäiteg soll si och als zentral Ulafstell fir Safeguarding déngen. Mee wat bedeit Safeguarding konkret? Et geet ëm all proaktiv Moossnamen, déi drop ausgeriicht sinn, Gewalt, egal ob psychologesch, physesch oder sexuell am Sport ze verhënneren an adequat dorop ze reagéieren. Am Kär geet et drëms, e séchert Ëmfeld ze schafen, an deem sech all Acteuren am Sport wuel a geschützt fillen.
Fir dëst Wuelbefannen ze garantéieren, gëtt eng anonym Hotline ageriicht, un déi sech Betraffener kënne wenden. Dat gëllt net nëmme fir Sportler, mee och fir Traineren, Arbitteren, Fonctionairen an all Membere vu Veräiner.
D’Relevanz vun esou enger Struktur gëtt och duerch eng Etude vum CASES (Child Abuse in Sport European Statistics) aus dem Joer 2019 ënnerstrach. Deemno hu 65 Prozent respektiv 44 Prozent vun de Befrote psychologesch oder physesch Gewalt erlieft, wärend 35 Prozent uginn hunn, Affer vu sexueller Belästegung gewiescht ze sinn, dorënner 20 Prozent mat direktem Kontakt.