WantersportNächst Victoire fir d'Mikaela Shiffrin

RTL Lëtzebuerg
Donieft geet d'Gesamtwäertung am Super-G vun den Hären un de Schwäizer Marco Odermatt.
© PONTUS LUNDAHL / TT NEWS AGENCY / TT NEWS AGENCY VIA AFP

Schi Alpin

Bei den Hären gëtt dëse Weekend zu Courchevel a Frankräich kee Schi gefuer. Nodeems de Super-G e Samschdeg scho wéinst ze vill Neischnéi an Niwwel huet mussen ofgesot ginn, ass och den zweete Super-G e Sonndeg de Wiederkonditiounen zum Opfer gefall. Domat séchert sech de Schwäizer Marco Odermatt dës Saison seng 3. Weltcup-Kugel, well hie beim leschte Super-G an Norwegen mat enger Avance vun 158 Punkten net méi anzehuelen ass. Den Odermatt gewënnt d’Wäertung am Super-G domat fir déi 4. Saison hannerteneen, nodeems hien dës Saison och schonn d’Gesamtwäertung fir déi 5 Kéier um Stéck gewonnen huet.

Bei den Damme gouf et am Slalom zu Åre a Schweden eng weider souverän Victoire fir d’Mikaela Shiffrin. D’US-Amerikanerin hat eng Avance vu ganze 94 Honnertstel op d’Emma Aicher aus Däitschland. D’Schwäizerin Wendy Holdener huet de Podium komplettéiert. D’Shiffrin huet duerch hir 72. Slalom-Victoire an der Gesamtwäertung elo eng Avance vun 140 Punkten op d’Aicher. Bei den Damme bleift et deemno virun der grousser Weltcup-Finall an Norwegen spannend.

Biathlon

An der Single-Mixed-Staffel zu Otepää an Estland gouf et eng Victoire fir Norwegen. De Sturla Holm Laegreid an d’Karoline Knotten sinn ouni Strofronn bliwwen an hu sech esou mat enger Avance vun 1:38,1 Minutten duerchgesat. Déi schweedesch Staffel (Sebastian Samuelsson an Hanna Öberg) huet et op Plaz 2 gepackt, a komplettéiert gouf de Podium vum finneschen Duo (Tero Seppala a Suvi Minkkinen).

Donieft stoung zu Otepää nach eng hierkëmmlech Mixed-Staffel iwwer 4x6 Kilometer um Programm. Hei gouf et dunn eng Victoire fir déi schweedesch Staffel, déi sech mat 28,6 Sekonne Virsprong op d’Schwäiz duerchsetze konnten. D’US-Amerikaner hu sech iwwerdeems iwwerraschend déi 3. Plaz geséchert (+34,6 Sekonnen).

Schisprangen

Am Dammeneenzel zu Oslo huet d’Japanerin Yuki Ito sech ganz knapp virun hirer Landsfra Nozomi Maruyama behaapt. Bei hirer 10 Weltcup-Victoire hat d’Ito (225,6 Punkten) eng Avance vun nëmmen 0,5 Punkten op d’Maruyama (225,10 Punkten). Déi 3. Plaz war fir d’Norwegerin Anna Odine Strøm (222,20 Punkten).

Am Häreneenzel gouf et eng Victoire fir de Japaner Tomofumi Naito (128,70 Punkten), deen domat säin éischte Weltcup-Succès feiert. Nodeems e puer Sprénger wéinst staarkem Wand just knapp eng Chute evitéiere konnten, gouf den 2. Duerchgang ofgesot a just d’Resultat aus dem 1. Duerchgang huet gezielt. De Slowen Anze Lanisek ass knapp den 2. ginn (128,60 Punkten) an déi 3. Plaz war fir den Antti Aalto aus Finnland (127,60 Punkten).

Back to Top
CIM LOGO