
An engem Alles-oder-näischt-Match hunn d’Pittsburgh Steelers sech de leschten Ticket fir d’Playoffe vun der NFL geséchert. D’Ekipp ronderëm de Quarterback Aaron Rodgers konnt sech am direkten Duell mat 26:24 géint d’Baltimore Ravens duerchsetzen a ginn domat als Gewënner vun der AFC North an d’Postseason.
2:22 Minutte viru Schluss waren d’Ravens mat engem Touchdown 24:20 a Féierung gaangen. 55 Sekonne virum Enn war et de Konter vu Pittsburgh mat engem Touchdown, déi den Extrapunkt dono awer verpasst hunn. Sou hat Baltimore a leschter Sekonn nach d’Chance, mat engem Field Goal de Match ze dréinen. Hirem Kicker Tyler Loop säi Versuch aus 44 Yards war awer net erfollegräich, sou datt d’Steelers um Enn déi Glécklech waren.
Déi leschte Playoff-Plaz an der NFC ass un d’Carolina Panthers gaangen. Si hunn an der NFC South, trotz 14:16 Néierlag géint d’Tampa Bay Buccaneers, vun der Victoire vun den Atlanta Falcons géint d’New Orleans Saints (19:17) profitéiert, an esou de Three-Way-Tiebreaker an hirer Divisioun fir sech entscheet. D’Falcons hunn e Méindeg hiren Trainer Raheem Morris an hiren General Manager Terry Fontenot virun d’Dier gesat.
Bescht Ekippen an der AFC an an der NFC um Enn vun der Regular Season waren d’Denver Broncos an d’Seattle Seahawks, jeeweils mat engem Bilan vu 14 Victoiren an dräi Néierlagen. Si hunn an der éischter Ronn vun de Playoffen (Wildcard Round) e Fräilous a kënnen esou besser regeneréieren a sech eng Woch méi laang op d’Postseason preparéieren.
Sou gesinn d’Playoffen aus:
Dat hei sinn d’Partien um éischte Playoff-Weekend an der sougenannter Wildcard Round:
Den ultimativen Ofschloss vun der NFL-Saison 2025/2026 wäert den 8. Februar sinn, wann zu San Francisco de 60. Super Bowl wäert gespillt ginn.