
E Freideg den Owend ass d’Vera Bertemes an der 1. Manche vum Virlaf iwwer 1.500m bei der Indoor-WM am polnesche Kujawy Pomorze un den Depart gaangen. No 4:21.90 Minutten ass d’Lëtzebuergerin an hirer Manche als 7. iwwert d’Zillinn gelaf an huet domat de Sprong an d’Finall verpasst. Gepackt hunn et déi dräi Éischt, d’Franséisin Agathe Guillemot (4:16.25), virun der US-Amerikanerin Nikki Hiltz (4:16.32) an der Italieenerin Ludovica Cavalli (4:16.45). D’Finall op den 1.500m gëtt e Sonndeg den Owend um 19.22 Auer ausgedroen.
Nieft der Vera Bertemes starten awer nach zwou weider Lëtzebuergerinne bei der Indoor-WM. E Samschdeg de Moien ass et d’Patrizia van der Weken op de 60m Sprint, wou eng Plaz an den 1/2-Finallen uviséiert gëtt. Mir iwwerdroen dës live am Stream op RTL.lu. E Sonndeg geet dann och nach d’Victoria Rausch op de 60m Hecken un den Depart.