Eng 350 Participanten, verdeelt op 6 Coursen, hunn um Duathlon, organiséiert vum Karibu Jonglënster, deelgeholl.
D'Jenny Gloden huet net op den Duathlon gewiesselt - d’Laangstrecke-Spezialistin huet zesumme mat hirem Mann, dem Carlo Kirsch, um Ekippe-Relais vum Duathlon deelgeholl. D’Jenny huet als éischt Damm an op der 8. Positioun insgesamt gewiesselt an hire Mann, e Kompetitiouns-Vëlosfuerer, huet dunn um Vëlo Gas ginn an d’Konkurrenz iwwerholl. Déi haten allerdéngs schonn 10 Kilometer am Lafen an de Been. Op de leschte 5 Kilometer huet d’Leeferin vun der Fola, déi de Marathon vu Frankfurt virbereet, kee méi laanscht gelooss.
Laang Zäit huet et ausgesinn, wéi wann de Pol Stoffel de Championstitel fir de Lënster Karibu kéint souverän gewannen. Um leschte Laf-Parcours koum allerdéngs eng kleng Defaillance. Den Däitschen Yves Becker gewënnt esou den Duathlon an de Poli Polfer gëtt 8. am Generalklassement a Champion, virum Daniel Reckinger.
D’Anna Reiff gëtt Championne bei den Dammen. An de Jugendklassen hunn d’Triathleeten den Toun uginn. De Sebastian Ziekmann gëtt souveräne Vainqueur bei de Junioren an ass méi séier gewiescht wéi d’lescht Joer. De 17 Joer alen Triathleet gëllt als grousst Nowuesstalent, hien zielt zu den 10 beschten europäesche Junioren an ass a permanenter Progressioun. Bei de Youth A gewënnt den Emile Vanolst virum Tom Heyart.