
De Victor Bettendorf huet e Sonndeg mat sengem Päerd Qwando van de Rispen de Grousse Präis vum CSI5* (1,60m) bei der Royal Windsor Horse Show gewonnen. Zweete gouf den Ben Maher an d'Sienna Charles koum als Drëtt nach op de Podium.
De Lëtzebuerger konnt sech mat enger Nullronn iwwert den éischte Tour mat véier weidere Reider fir d'Stieche qualifizéieren. Hei war de Bettendorf den éischte Starter a konnt mat enger weiderer Nullronn an enger Zäit vun 37,41Sekonnen déi aner Reider ënner Drock setzen. Et koum keen un dës Zäit erun. Dëse Grousse Präis war mat engem Präisgeld vu 500.000 € ausgeschriwwen. An de Victor Bettendorf séchert sech dovun 125.000 €.