
Um 13.16 Auer war de Laf vun der Lëtzebuergerin Victoria Rausch. Si ass an der Qualifikatioun an der véierter vu sechs Serie gestart, ma sollt net de beschte Laf erwëschen. Mat enger Zäit vun 8 Sekonnen an 18 Honnertstel war si an hirer Serie déi lescht ginn, d’Devynne Charlton vu de Bahamas war mat 7.82 Sekonnen hei déi Séierst.
Qualifizéiere konnte sech all Kéiers déi dräi Bescht aus all Serie an déi sechs bescht Zäite vun de Leeferinnen, déi net an hirer Serie an d’Topp 3 koumen. Do war d’Zäit vun der Lëtzebuergerin net duergaangen, fir iwwer dee Wee an d’Halleffinallen ze kommen.