Den Daniel Lloyd huet mat sengen 23 Joer scho vill Projeten am ëffentleche Raum realiséiert.

Mir ware mat der Kamera dobäi, wéi hie seng Mauer am Kader vum Kufa’s Urban Art Festival kreéiert huet a bei sengem aktuelle Projet „Fuel Box III“. Den 29. September huet hien zesummen mam Raphael Gindt d’Ouverture vun hirer neier Galerie „Kamellebutteck“ zu Esch.

A wat soss nach alles kulturell lass ass, kritt der an der neier Rubrik "Wat leeft!?" presentéiert:

"Fëschmaart" nei Expo an der Valerius Art Gallery
"One to One" nei Galerie vum Street-Art-Kënschtler Sumo
"Street Art Awards Benelux" zu Rotterdam mat dräi Lëtzebuerger Kënschtler
"Beyond borders" Expo an der Fondation Boghossian zu Bréissel

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Tele Lëtzebuerg.