An der neier Rubrik "Wat leeft?!" gëtt et Kulturnews an Hiweiser op kulturell Evenementer.

De Michel Welfringer schafft mat Buschtawen an alle Formen a Faarwen op ganz verschiddene Projeten. Obwuel e wollt Grafik an Design studéieren, ass e bei der Typographie hänke bliwwen. Mir waren de Kënschtler ënner anerem op Bréissel besichen.

"Wat leeft!?":
- D'RTL_Dictée zu Walfer am Kader vun de Bicherdeeg
- De Christian Mosar gëtt den Directeur artistique vun Esch 2022
- "Endlech Alaska" - lescht Joer ofgesot, lo leeft d'Theaterproduktioun
- Neie Rekord: 90 Millioune fir e Bild vum britesche Moler David Hockney

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.