Den Ezri Kahn ass Schneider, fir hie steet d'Handwierk am Virdergrond.

Viru kuerzem huet hie säin eegenen Atelier an der Avenue de la Liberté opgemaach. Hei solle net nëmme Kleeder entworf ginn, mä och eng kreativ Zesummenaarbecht mat anere Kënschtler entstoen. Den Ament stellt den Ezri Kahn och e puer vu senge prestigiéisen Owes-Kleeder an der Ausstellung "De Mains de Maîtres" aus.

Bei "Wat leeft?!" geet et ëm den Album "Next" vum David Laborier, den Danzspektakel "Sieben" vum Jill Crovisier, de Konschtmaart zu Veianen an déi nei Expo an der Galerie Zidoune-Bossuyt

VIDEO: Wat leeft?!
Expo, Theater, Konzerten, Events: den Agenda vun der Télé

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.