De leschte Méindeg krut hien a senger Heemecht Diddeleng de Prix culturel.

Ugefaangen huet de Jean Back als Landschaftsfotograf, dono huet hien d’ Literatur fir sech entdeckt. Hien huet dobäi schonn den Europäesche Literaturpräis kritt. De fréieren Direkter a Matbegrënner vum CNA zu Diddeleng, sicht och an der Pensioun nach ëmmer no Motiver fir seng Kamera a fir seng Bicher.
Mir hunn hien en Dag laang begleet.

Wat leeft!?
- Expo Chloé Perarnau an de Rotonden
- Expo INTRO Sculpture Beim Engel
- Moving shadows am CAPE

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.