D'Schauspillerin prouft a spillt den Ament zu Lëtzebuerg an zu Paräis.

Paräis ass och déi Stad an där d'Elsa Rauchs no der Première Schauspillerei studéiert huet. Am Kasemattentheater war si bei "Freiraum" op der Bühn an am Mee kann ee se am Stéck "Vêtir ceux qui sont nus" gesinn.

Nieft dem Spillen schreift si och an huet vru kuerzem hiert Kannerbuch "Djijo et Mina" virgestallt, dat am Mudam spillt an do erzielt si och mat Begeeschterung de Kanner hir Geschicht.

Wat leeft!?
- Expo Monique Becker an Doris Becker an der Galerie Schlassgoart
- Concert "Daniel Brandt & Eternal Something" an de Rotonden
- Reprise "Viel Gut Essen" am Escher Theater
- Expo "Carnations" am Casino

VIDEO: Wat leeft?!
Expo, Theater, Konzerten, Events: den Agenda vun der Télé

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.