De Pol Belardi spillt net nëmmen een Instrument...

... an och net nëmmen a senger eegener Jazz-Band. Sou stinn nieft engem Piano och nach e Kontrabass, e Vibraphone, eng Batterie bei him am Proufsall. Musikalesch Ofwiesselung ass fir d'Multi-Talent immens wichteg.
An der Artbox HU mer hien op verschidde Concerte suivéiert a sinn och mat him Auto gefuer.

Wat leeft!?
- Multiplica an de Rotonden
- Expo Théodore Van Loon am MNHA
- Expo-Projectioun Vincent Van Gogh zu Paräis

VIDEO: Wat leeft?!
Expo, Theater, Konzerten, Events: den Agenda vun der Télé

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.