De Carlo Schneider lieft a schafft schonn zënter Joren an der Schwäiz zu Langnau am Emmental.

Ma déi Lëtzebuergesch Aktualitéit intresséiert de Cartoonist nach ëmmer staark.

Hien zeechent fir verschidde Magazine hei zu Lëtzebuerg, illustréiert Kannerbicher an huet sech och an der Schwäiz een Numm gemaach. Mir waren hie besichen a kruten en Abléck an säin Alldag.

Wat leeft!?

- Expo „Les origines de la civilisation chinoise“ @MNHA
- Concert Lou Doillon @ Rockhal
- Expo „Le procès des grands criminels de guerre“ @Abtei Neimënster
- En ökologeschen Manneken Pis @Bréissel

VIDEO: Wat leeft?!
Expo, Theater, Konzerten, Events: den Agenda vun der Télé

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.