Déi 3 Hexentierm
Wann der vum Fëschmaart Direktioun Pafendall eroftrëppelt, hutt Dir se bestëmmt scho gesinn: déi kleng markant Tierm, och Hexentierm genannt.
Déi 3 Tierm, déi tëscht dem 12. an dem 14. Joerhonnert gebaut goufen, sinn zanter dem spéide Mëttelalter als Prisong benotzt ginn.

Virun allem Fraen, déi als Hexe verdächteg goufen, sinn an den 3 Tierm gefoltert ginn an hunn an deenen fiichte Maueren op hire Prozess gewaart.
Deemools hunn d’Leit fir hir Problemer, hir Kränkten, fir Epidemien an Naturkatastrophe Schëlleger gesicht an den Hexe Schold un hirem Misär ginn.
Dat erkläert firwat virun allem am 16. an 17. Joerhonnert et sou vill Hexeprozesser gouf. Vill där onglécklecher Fraen an och Männer hunn déi sadistesch Folter an den 3 Tierm net ausgehalen a sech d’Liewe geholl, ier se konnte verurteelt an als Hexe verbrannt ginn.
Seriö Berechnunge kommen op eng Zuel tëscht 2000 an 3000 Hexen, déi am Herzogtum Lëtzebuerg verurteelt gi sinn.
An deen, deen haut laanscht déi 3 Hexentierm trëppelt, sollt kuerz stoe bleiwen an drun denken, dass do onschëlleg Mënschen agespaart, gefoltert an als Hexen verurteelt goufen.