Matzen a Maacher, e Kazesprong vun der Kierch ewech, läit e wäertvollt historescht Gebai, déi sougenannten Zéintscheier.

De Numm staamt aus där Zäit, wéi d'Leit hu missen en Zéngtel vun hire Friichten an Drauwen un de Landeshär ofginn.

D'Maacher Zéintscheier, wéi se haut do steet, geet zréck an d'Joer 1635. Mä virdrun huet schonn op där Platz en anert Gebai gestanen, wéi archeologesch Ausgruewunge kloer erginn hunn.

D'Macher Zéintscheier huet duerch d'Joerhonnerten all Biller- a Bauten-Stierm iwwerlieft, ass haut als „Monument national" klasséiert a gehéiert der Gemeng. Dat historescht Kärstéck vum Gebai, de Keller, deen exemplaresch restauréiert gouf, ass haut eng interessant kulturell Treffplaz.

„T'ass eng vun deene schéinsten historesche Plaze vun der Musel. Do si mer eis eens, do sinn och d'Spezialiste sech eens. An et ass e Bijou zu Maacher", seet ganz houfreg d'Lokalhistorikerin Monique Hermes.