Zu Maacher gëtt et déi ural "Turgass", wou de „Kundel“, den eenzege Wäschbuer bannent de Maacher Maueren, geplätschert huet.

Mä déi meescht knaschteg Wäsch ass bausst Maacher an der Musel gemaach ginn.

Vum Kundel aus ass eng Baach erof bei de Maart gelaf,  „d’Maartbächelchen“, déi vill genotzt gouf, wann e Feier ausgebrach ass an dat huet misse geläscht ginn. A Belagerungs- a Krichs-Zäiten ass och aus dem Kundel Drénkwaasser geholl ginn.

Un Hand vun enger Rëtsch ale Fotoen, Postkaarten an Zeechnungen konnt de klenge Wäschbuer intra muros am Häerz vun der Maacher Alstad rekonstruéiert ginn. Haut ass do och eng Fotosgalerie installéiert. E Besuch an déi historesch „Turgass“ mam Wäschbuer, wou haut erëm d’Wassser lëschteg plätschert, lount sech allemol.