Virum leschte Krich an och duerno bis an 60er Joren waren déi meescht vun eisen Dierfer eng Aart autark, kleng Gemeinschaft.

... wou vill Beruffer hiert Brout konnte verdéingen. Jiddwer Duerf hat seng Treffpunkten a Form vun enger Partie Wirtschafte mat enger treier Clientèle.  Och bis an d'60er Jore gouf et op deene meeschten Dierfer een oder e puer  „Tante Emma Laden“.  Och e Coiffeur huet net däerfe feelen, grad esou och net e Schouschter, e Schmadd, e Schneider, eng Néiesch, e Schräiner, fir nëmmen déi ze nennen.

Tempi passati: eis Dierfer hu sech zanter engem hallwe Joerhonnert ëmmer méi zu Schlofgemengen entwéckelt. Allerdéngs gëtt et zanter enger Zäit Tendenzen a Beméiungen dësen tristen Zoustand ze änneren an erëm lokal Aktivitéiten opzebauen.