Am 6. Joerdausend viru Christus sinn déi 1. Päerd domestikéiert an d‘Rad erfonnt ginn.

D‘Réimer waren extrem mobil an hunn eng 80-000 Kilometer Kiemen ugeluecht, vun deenen der och eng Partie duerch Lëtzebuerg gefouert hunn. Am Mëttelalter an duerno waren et virun allem déi Adeleg an de Klerus, déi um Päerd oder mat der Kutsch erstaunlech grouss Distanzen hannert sech bruecht hunn.

Am 16. Joerhonnert, wéi och an eise Géigenden en 1. Postverkéier agefouert gouf, huet eng nei Mobiléitsära ugefaangen. Kuréier um Päerd mat Rascht-Statiounen a Wiessel konnten et op 50 bis 80 Kilometer pro Dag bréngen.

1817 huet de Freiherr von Drais de Virleefer vum Vëlo erfonnt. 1835 ass déi 1. Damplokomotiv gerullt an eng 2 Joerzéngte méi spéit gouf bei eis déi 1. Eisebunnsgesellschaft gegrënnt.

Nodeems dunn och den Automobil an d‘Maschinn, déi fléie konnt, erfonnt goufen, war dem Reese keng Grenzen méi gesat. Ironie vun der Entwécklung: haut ass déi douce Mobilitéit erëm Tromp, bei där de Vëlo an déi gutt ural, primär Fortbeweegungsform "per pedes" eng gëlleg Renaissance erliewen.