Am November 1944 huet sech déi 28. US-Infanteriedivisioun no schroe Kämpf a Verloschter aus dem Huertgenwald an Dierfche Munzen bei Clierf zeréckgezunn.

Vill jonk Rekrutte kommen an dësen Deeg derbäi, fir déi vill gefalen Zaldote vun de viregte Kämpf ze ersetzen. Am Feldlazarett  kréien déi verwonnten Zaldoten éischt Hëllef. Stänneg lafen Noriichte vun der Front zesummen. An der Feldkiche feelt et un näischt. Den Zaldote stinn eng sëllege Liewensmëttel „made in America“, dat meescht a Béchsen ageflunn,  zur Verfügung. Dorënner Produkter iwwert déi déi Munzer Awunner nëmme staune kënnen. Mä kee kann an dësen Novemberdeeg 1944 virausgesinn, dass e puer Woche méi spéit d’Preisen mat enger Géigenattack an den Ardennen, der „Rundstedtoffensiv“ d’Amerikaner ugräifen. Dobäi sinn et och d'Zaldote vun der 28. Divisioun vu Munzen, déi eng wichteg Roll wäerte spillen an den 1.  Schlag vun der Ardennenoffensiv aushale mussen.