1945 ass den Emil Schwirtz vum Generol de Gaule mat der « croix de guerre avec étoile de vermeil » ausgezeechent ginn.

Am September 1944 ass Lëtzebuerg zum groussen Deel nazifräi, mä déi Säit vu Musel a Sauer sëtzen nach ëmmer d'Nazien. An esou brauchen d’Amerikaner dréngend Fräiwëlleger, fir geféierlech Spionageaktiounen. Ënnert hinnen och de jonken Emil Schwirtz, deen d’Missioun hat sech duerch déi feindlech Linne bis op Tréier duerchzeschloen.
Zu Waasserbëlleg ass hien op déi däitsch Säit geschwommen, mä zu Oberbillig gouf hien opgegraff a sollt op Tréier an d'Verhéier gefouert ginn. Um Wee dohinner, zu Wasserliesch, ass et him bei enger Stroossespär gelongen ze flüchten. Zeréck zu Lëtzebuerg  konnt hien den Amerikaner en detailléierte Rapport iwwert d‘Stäerkt an d'Positioun vum Feind laanscht d'Musel maachen.

1945 ass den Emil Schwirtz vum Generol de Gaulle mat der « croix de guerre avec étoile de vermeil »  ausgezeechent ginn, mam Vermierk: «  Agent de renseignement remarquable par son sérieux et son sang froid. Parti en mission en territoire ennemi et fait prisonnier par les SS ,  il a réussi à s’évader rapportant des informations de tout premier ordre. »