Am Hierscht 1944 rullen déi éischt amerikanesch Panzer a Richtung Stad Lëtzebuerg.

D'Amerikaner dreiwen déi preisesch Zaldoten "Heim ins Reich". Mä am Wanter 1944 kënnt et zu enger Géigenattack vun de Preisen, der Rundstedt-Offensiv. De 16. Dezember stinn dem Hitler seng Zaldoten erëm viru Clierf. Vill Clierfer fille sech an hiren Haiser net sécher a flüchten hannert déi meterdéck Buergmaueren. Kuerz drop bleift och den Amerikaner soss näischt méi iwwreg, ewéi sech och an der  Buerg ze verschanzen. Den 18. Dezember du stiechen d'Preisen d'Buerg mat Phosphor a Brand. Si brennt e puer Deeg laang. Mä d'Glous war emol nach net kal, wéi Klierf seng Fräiheet am Januar 1945 zerguttst erëmkrut. D'ganz Uertschaft war op de Been, fir déi amerikanesch Befreier ze feieren.