Am Uelzechtdall zu Pëtten (Miersch) läit eng gutt erhale Waasserbuerg aus dem 13. Joerhonnert, wou virdrun eng sougenannte Mottenbuerg soll gestanen hunn.

Et war dat eng Aart Wunntuerm  op engem kënstlechen Hiewel aus Holz oder Steen gebaut. Op der offizieller Erklärungstafel zu Pëtten ass matzen an der Mëtt vun der Waasserbuerg aus dem 13. Joerhonnert en Tuerm ofgemoolt. Dat wier falsch, seet de Buergefuerscher John Zimmer. Et géifen zwou Saache gewisen, déi gläichzäiteg ni existéiert hätten.

Wéi déi Pëttener Waasserbuerg gebaut gouf, hätt den Tuerm, also de „Mottentuerm“, net méi existéiert. Mä et wier fir Lëtzebuerg eng kleng Sensatioun, dass sou eng  „Mottebuerg“ kéint nogewise ginn.

Wëllt heeschen: laut John Zimmer misst d'Geschicht vun der Pëttener Buerg mat den Erklärungstafele korrigéiert an ëmgeschriwwe ginn.