D'Corona-Kris trëfft eis alleguerten. Nieft dem negativen Effekt vun der Krankheet op d'Kris, kann d'Pandemie awer och psychologesch Auswierkungen hunn.

Pandemië sinn net nei an der Geschicht, mä keen, deen aktuell lieft, huet jee eng matgemaach. Mir sinn zesummen an enger Zort weltwäitem Experiment, wou gefuerscht a gesicht gëtt, wou et all Dag nei Erkenntnisser ginn, nei Léisungen an ons al Gewunnechten a Ritualer bal all op der Kopp sinn.

Dës Gewunnechten hëllefen soss am Alldag, se ginn eis Sécherheet an d'Gefill vu Kontroll, och wann dat dacks just eng Illusioun ass. Wëll och ouni Virus kontrolléiere mir wäit manner, wéi mir wéilten, mä elo si mir ons däers all nach vill méi bewosst.

An der 1. Urgence war d'Fro, wat mécht de Virus mat onsem Kierper, mä no Wochen Ausnamezoustand stellt sech ëmmer méi Fro: Wat mécht de Virus mat eisem Liewen?

"Mir haten elo d'Virus-Well a waarden op déi psychologesch Well."

Dat sot den Dokter Jean-Marc Cloos am Kloertext op Tëlee Lëtzebuerg, wou et  ëm déi psychologesch Auswierkunge vun der Kris goung. Den Ament kéint een nach net aschätzen, wat déi ablécklech Situatioun mat de Leit mécht.

"Ängschten natierlech, och berechtegt Ängschten. Mir behandelen jo an der Psychologie/Psychiatrie oft irrational Ängschten, hei si richteg Ängschten. Jiddereen huet déi, fir sech, fir seng Famill. Wat dat da psychologesch mécht, ob et zu engem posttraumatesche Stresssyndrom kënnt, ob d'Leit méi Panikattacke maachen, oder wéi mer dat elo schonn e bëssen an den Urgence gesinn, dass mer elo lues a lues Leit kréien, déi psychotesch Krise maachen, dat muss ee gesinn. "

D'Psychologin a Psychotherapeutin Mareike Bönigk ass Chef vum Service Psychosocial vun der Fonction Publique an huet gehollef, d'Hotline vum Staat mat op d'Been ze setzen. Um 8002 8080 ka jo all Mënsch sech mellen, dee sech duerch déi aktuell Situatioun belaascht fillt.

Do géif een elo mierken, datt déi psychologesch Froen erop ginn:

"Wat ass dat? - Dat sinn notamment Ängschten. Wann ee weess, datt mer souwisou eng Prevalenz vun Angschtstéierungen an der Populatioun vun 10 Prozent hunn. Dat heescht 10 Prozent vun de Mënsche si souwisou belaascht duerch Ängschten. Dat sinn natierlech Mënschen, déi och elo grad nach emol méi betraff sinn. Mir mierken, dass vill eeler Leit op der Hotline uruffen, souwuel aus den Altersheimer wéi och Leit, déi gewinnt sinn, Besuch ze kréien vun der Famill an déi elo relativ vill eleng sinn an eben och Ängschten entwéckelen.

"
Et muss ee sech net vun der Angscht an den Informatiounen opfriesse loossen." Dat war eng Ausso vun der Marie-Louise Müller. Si lieft an engem Altersheem, war mat Covid-19 Patienten a Kontakt an huet och fir een Ament missten isoléiert ginn. Si fillt sech net besonnesch a Gefor an ass an Tëschenzäit och der Meenung, datt se gutt genuch geschützt ass.

"Am Ufank hu mer alleguer e bësse gelaacht, mer hu gemengt, dat wier net esou seriö a vum 16t. Mäerz un, mengen ech, datt et vill méi seriö ginn ass, well ech e klengen Eclat gemaach hat. Oder vläicht e groussen Eclat. De 16. krute mer gesot, datt déi Gesangsprouf statt géif fannen an ech sinn explodéiert. Ech hu gesot "dat geet dach net!!!" Mer sinn an enger Chorale, jo mä déi extern wieren net do. Ech hu gesot "ech ginn net" ech muss soen, mäi Mann ass gaangen, mer hunn och vill gestridden dono. D'Direktioun huet gesot, si géif de Recommandatioune vun der Regierung follegen"
 

D'Marie Louise Müller seet, si wier erliichtert gewiescht, wéi se en Dag méi spéit héieren hätt, datt déi Gesangsprouwe géifen ofgeschaaft ginn.

Et hu matdiskutéiert

Mareike Bönigk
Psychologin a Psychotherapeutin, Chef vum Service Psychosocial vun der Fonction Publique, déi elo vu Preventioun op Krisemanagement geschalt huet

Jean Marc Cloos
Psychiater, medezineschen Direkter vun der Psychiatrie vun den Hopitaux Robert Schumann an och Suchtspezialist

Marie Louise Muller
Wunnt an engem Altersheem an hat Kontakt mat Covid-Patienten, huet fir een Ament missten isoléiert ginn

Katja Battin 
Hiewan déi fir d’ Associatioun Alupse Bébé schafft a Familljen ënnerstëtzt

Alain Massen
Psycholog a Psychotherapeut, President vun der frësch gewielter Nationaler Elterevertriedung

Marc THEIN

Président du Comité de Direction