Fräiheet, dat mat héchste Gutt an enger Demokratie, dat mir als Bierger hunn, ware mir bereet opzeginn an der Lutte géint de Coronavirus.

D'Leit haten Angscht an hu gefollegt, de Confinement gouf acceptéiert. Ma wéi geet et elo weider? Wéi muss zum Beispill d'Corona-Rechtslag fir déi nächst Zäit ausgesinn? Wéi wäit däerfe Fräiheeten elo nach limitéiert ginn?

D'Emissioun Kloertext huet d'Thematik duerch e juristeschen an ethesche Brëll beliicht. Vill diskutéiert hunn d'Invitéen iwwer e praktescht Beispill vun enger positiv getester Persoun aus der Wanteraktioun, déi refuséiert hat, d'Hygiènes- a Sécherheetsreegelen anzehalen.

Datt et Iwwerleeunge vu Säite vun der Santé gouf, fir déi Persoun temporär an déi zoue Psychiatrie ze bréngen, wier méi ewéi onglécklech, sot de Psychiater Paul Hédo.

Extrait Paul Hédo

Dass dat eng sanitär Fro ass, ob déi eng Äntwert muss fonnt ginn, dat ass evident. Mä awer net um Réck vun der geschlossener Psychiatrie. Do sinn d'Psychiateren unanime der Meenung, datt dat net geet.

Eng schlecht Intentioun wier et wuel net ginn, éischter ongesond Vermëschunge vun Texter.

Wanteraktioun: Zwou Persoune wollten net an Quarantän
Wéinst der Coronakris goung d'Wanteraktioun 2020 an d'Verlängerung.

Mä wat geschitt da mat Leit, déi sech net u Reegelen halen? Déi Fro schéngt weiderhin net gekläert a stellt sech och en Vue vun der Covid-Gesetzgebung, un där jo grad geschafft gëtt.

Bei all Fräiheet, déi d'Bierger ewechgeholl kréien, misst d'Fro vun der Proportionalitéit gestallt ginn, fënnt op alle Fall d'Affekotin Valérie Dupong, déi och Member am Ethikrot vum CHL ass. Et dierft een d'Selbstbestëmmung vun de Leit net vergiessen.

Datt eng Regierung esou vill Pouvoiren hätt, wéi den Ament, do dierft ee sech allzäit net dru winnen. Wichteg wier et elo, datt d'Leit kënnen novollzéie, wat an déi Gesetz-Texter stoe kënnt

Extrait Valérie Dupong

Et muss logesch an einfach sinn, well soss halen d'Leit sech net drun. Et däerfen och net ze vill Texter sinn.

D'Elementer an deenen Texter misste justifiéiert an argumentéiert ginn a si misste Sënn maachen, sou déi studéiert Philosophieprofessorin Pascale Worré, soss géing d'Solidaritéit riskéieren ze kippen. 

Fir de Jean-Jacques Rommes ass d'Organisatioun vun dëser Kris en delikaten Exercice. De President vum Wirtschafts- a Sozialrot a Member vum nationalen Ethikrot denkt eleng un den Traçage.

Extrait Jean-Jacques Rommes

Den Traçage vun der Santé geet schonn enorm wäit. Generell ass et awer och esou, datt et immens schwiereg fir deen ass, deen déi Situatioun hei soll an de Grëff kréien. Et ass bal onméiglech, alle Fuerderunge Rechnungen ze droen.
De Staat ass e bëssen iwwerfuerdert mat der Situatioun, déi iwwert eis eragebrach ass.

Eis Invitéë waren

Dr Paul Hédo
Psychiater
President Société Luxembourgeoise de Psychiatrie, Pédopsychiatrie et Psychothérapie

Valérie Dupong
Affekotin, Vice-Bâtonnière
Member Eethikrot CHL

Jean-Jacques Rommes
President CES
Member vum nationalen Eethikrot

Pascale Worré
Philosproff, schafft am Educatiounsministère
Member vum nationalen Eethikrot

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)