En Donneschdeg sinn d’Debatten an der Chamber iwwert d’Covid-Rieden, mä am Kloertext kruten d’Parteien d’Wuert elo schonn.

Et ginn eng rei gutt Notten, ma och op mannst eng Datz op der Zensur. Esou de Bilan an der Emissioun Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg. Wéi goung ee mat der COVID-Pandemie zu Lëtzebuerg ëm, wat steet virun der Dier? Geet dat neit COVID-Gesetz ze wäit? Iwwer all dat gouf mat Gäscht aus der Regierung an Oppositioun diskutéiert.

Et weist een sech gréisstendeels zefridde mat der Aart a Weis ewéi d'Regierung am Ufank vum Etat de Crise mat der Corona-Situatioun ëmgaangen ass. D'Nouveautéit vun der Situatioun hätt drastesch Mesure gefuerdert. E puer Punkten hätt een awer anescht missen upaken, heescht et vun den Oppositiounsparteien. D'ADR, CSV a Piraten Deputéierten, Fernand Kartheiser, Claude Wiseler, a Sven Clement: „Ganz einfach d'Aart a Weis ewéi d'Kommunikatioun gemaach ginn ass. Ech hat d'Impressioun, datt déi Decisiounen déi geholl gi sinn, net ëmmer esou erkläert gi sinn a bei de Leit ukomm sinn.“ ... Kommunikatioun ass méi ewéi nëmme Pressekonferenzen ze ginn. D'Pressekonferenz hunn heiansdo méi duerchernee gemaach ewéi soss eppes.“

Et wiere Feeler gemaach ginn, wat an dëser Situatioun normal wier, esou de Marc Baum vun déi Lénk. Et géif een awer vum Staatsminister vermëssen, datt dësen des éierlech zougëtt.

Eng Datz, gëtt sech d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert awer selwer: „Wann der mech elo géift froen, wou ech mer sëlwer eng Datz an der Kommunikatioun géif ginn, wier et warscheinlech bei der Lockerung gewiescht, wou mer vläicht mat ze vill Enthusiasmus dee Paradigmewiessel duergestallt hunn. Et huet een effektiv gesinn, wou mer déi Lockerunge vun de privat Leit gemaach hunn, datt déi falsch verstane gouf.“

Insgesamt hätt d'Kommunikatioun vun der Regierung d'Leit méi duerchernee gemaach, wéi se hätt sollten. De Claude Wiseler: „Haut gëtt probéiert eng Kommunikatioun ze maachen, mat Broschüren a ganze Säiten an den Zeitungen. Mais do gëtt erëm de Feeler gemaach, well et zevill generell gehale gëtt. Dir sot de Leit maacht manner Party. Ech géif mer wierklech wënschen, datt d'Leit ganz kloer Unhaltspunkte kréien.“

Diskussiounen, datt dat neit COVID-Gesetz, dat en Donneschdeg an der Chamber debattéiert gëtt, d'Grondrechter géife limitéieren, huet d'Gesondheetsministesch net op sech setze gelooss.

Eng Rei Grond-Garantië wiere gesat ginn, et hätt een hei och weider konkret Textpropose vun der Chamber vermësst, fir nei z'adaptéieren. Esou nach d'Ministesch.

Et hunn diskutéiert: d'Vertrieder vun allen Oppositiounsparteien, grad wéi d’Ministere Paulette Lenert, François Bausch a Claude Meisch. Fir d’Oppositioun waren de Marc Baum, Sven Clement, Fernand Kartheiser a Claude Wiseler am Studio.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)