Am Mëttelpunkt vun der Emissioun "Kloertext" stoung en Donneschdeg d'USA, d'sozial Medien an d'Meenungsfräiheet.

A senge 4 Joer als President huet den Donald Trump eng 26.000 Messagen op Twitter publizéiert, dat sinn am Duerchschnëtt bal 18 Stéck den Dag.

Op de soziale Medien gouf hien nom Stuerm op de Kapitol gespaart, wat och weist, wéi eng Muecht dës privat Firmen op der ganzer Welt hunn.

Wie beschützt a bestëmmt d'Meenungsfräiheet am Netz a wéi ofhängeg si mer an Tëschenzäit vun den Internetgiganten?

Ënnert anerem ëm déi zwou Froe goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op RTL Telé Lëtzebuerg.

Google, Amazon, Facebook, Apple a Microsoft, dat sinn déi grouss Firmen, déi den Internet kontrolléieren. Déi eng oder aner fënnt een och zu Lëtzebuerg an d'Beispill vu Microsoft wërft d'Fro op, ob dës Firme just den Internet kontrolléieren.

Dat ass nämlech eng vun den Entreprisen, déi Büroen am Grand-Duché huet a se wollt déi RTL Informatiounen no zoumaachen. Dat ass net geschitt, dofir gëtt awer elo an de Lëtzebuerger Schoulen den Office 365 genotzt. U sech en décke Skandal, wéi den Deputéierte vun de Piraten, de Sven Clement, en Donneschdeg den Owend am Kloertext sot. Hien ass och Consultant fir digital Kommunikatioun.

"D'Donnéeë vun eise Kanner a vun eisen Enseignantë gi bradéiert un en internationale Grupp, deen an Amerika sëtzt an dee sech relativ onkooperativ gewisen huet zu Lëtzebuerg beim Dateschutz, wat den Office 365 ugeet. Ech muss soen, eiser Politik, virun allem eisem Educatiounsminister schéngt et ganz egal ze sinn."

Dat hätten och Äntwerten op parlamentaresch Froe gewisen, déi hien dem Claude Meisch gestallt hätt, seet de Sven Clement.

Hie präziséiert, datt d'Hollänner analyséiert hunn, wat fir Donnéeë beim Office 365 onnëtz mat Microsoft gedeelt ginn an hätten du protestéiert mam Zil, datt et elo fir Holland eng speziell Versioun gëtt.

Et hätt sech nämlech erausgestallt, datt Microsoft zum Beispill gewuer gëtt, wat fir Programmer een nach um Computer lafen huet, wann een Teams benotzt, e Programm mat deem grad an dësen Zäite vill geschafft gëtt, och an der Schoul.
De Kommissär fir den EU Bannemaart, den Thierry Breton, huet kloer Reegele gefuerdert, e Virstouss, deen de liberalen Europadeputéierte Charel Goerens begréisst.

"Wat wëllt en? Hie wëllt am Fong déi Responsabel vun de Plattforme responsabiliséieren. Hie wëll am Fong soen "Wann der an Europa kommt, mir maachen en Inventaire vun de systemesche Plattformen, an déi systemesch Plattformen, déi musse sech un eng Rei Saachen halen. Dat wat am physeschen ëffentlechen Espace verbueden ass, muss och am virtuellen Espace verbuede sinn."

D'Reegele vun den Internetgigante sinn net ëmmer transparent an och net an all Land d'selwecht, sot d'Affekotin a Bâtonnière Valerie Dupong, déi och Member vun der ALIA ass. Dat ass d'Iwwerwaachungsautoritéit fir audiovisuell Medien. Si nennt d'Beispill vun Twitter.

"Twitter ass aktiv a ganz ville Länner, d'Reegele sinn ugepasst. Wat an deem enge Land erlaabt ass, ass et an deem aneren net. Wann een an engem Land ka géint Frae schwätzen an engem aneren duerf een dat net Twitter, oder wien och ëmmer, hält sech dann och e bëssen un déi Reegelen. Dat heescht et huet een och déi ganz national Geflogenheeten an deemno a wéi eng Juridictioun déi grouss Entreprisë sech beginn, musse se sech och un deen een oder anere Prinzip halen."

D'Valerie Dupong seet och, datt ee sech am Internet net zu engem duerchsiichtege Mënsch soll maachen an datt een eng gesond Méfiance soll hunn, wann et ëm seng Date geet.

Datt et ganz vill drëm geet, wéi ee verschidden Internetplattformen notzt, dat huet de Jean-Lou Siweck illustréiert. Hien ass Journalist a Generaldirekter vun Editpress an och President vum Conseil de Presse.

"Twitter an ech mengen, dat ass schonn den Ënnerscheed zu Facebook an esou weider, do bestëmmt ee selwer wéi een et notzt an ech gesinn et elo einfach am Kader vun der Corona-Kris. Twitter ass en extrem effikassen Tool, fir Informatiounen aus zimmlech éischter Hand aus der Wëssenschaftswelt zum Beispill ze kréien. Do sëtzt ee sech eng Lëscht vu Leit zesummen, déi ee suivéiert an et ass faszinant déi Qualitéit vun der Informatioun, déi et och do gëtt."

Natierlech kéint ee sech och e ganz aneren Twitter opbauen, esou nach de Jean-Lou Siweck. Deemno ass et wichteg, wéi een déi Méiglechkeeten, déi et gëtt, notzt a wat ee mat sengen Date mécht.

Eis Invitéë waren:

Charel Goerens
DP-Europadeputéierten
Fréiere Kooperatiouns- a Verdeedegungsminister

Valérie Dupong
Bâtonnière / Affekotin
Conseilsmember vun der ALIA

Jean-Lou Siweck
Generaldirekter Editpress
President Conseil de Presse

Sven Clement
Deputéierte Piraten
Consultant fir digital Kommunikatioun

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)