Am Mëttelpunkt vun der Emissioun "Kloertext" stoung en Donneschdeg d'Reesen a Covid-Zäiten an e Bléck op d'Zukunft vum Rees-Secteur.

Ass e séchert Reesen a Covid-Zäite méiglech? Wat fir Perspektive ginn et fir den Tourismus-Secteur? Wat wäert laangfristeg änneren a wéi ka Lëtzebuerg als Reesdestinatioun méi attraktiv ginn? Dat waren nëmmen e puer vun de Froen en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee. Laanscht d'Diskussioun vum Impfpass ass een natierlech och net komm.

Wéi een Impakt huet d'Corona-Kris op d'Reesen a wéi wäert sech den Tourismus an Zukunft och duerch d'Pandemie nach veränneren? Ënnert anerem déi Froe goufen en Donneschdeg am Kloertext op der Tëlee debattéiert.

Resumé Kloertext Reesen / Rep. Claudia Kollwelter

Wat d'Diskussiounen ëm en Impfpass uginn, huet de Generaldirekter vun der Luxair betount, datt d'Lëtzebuerger Fluchgesellschaft de Leit näischt imposéiere wäert. De Gilles Feith huet och kritiséiert, datt déi ënnerschiddlech Mesuren an de verschiddene Länner de Fluchgesellschaften enorm wéidoe géifen. D'Corona-Kris hätt net just dem Tourismus zu Lëtzebuerg, mee dem Tourismus am Generelle geschuet.

"Well och op den Destinatioune sinn Hoteller, an deene Leit geet et richteg schlecht an eise Leit zum Deel och. Wann Dir 2/3 vun Ärem Salaire verléiert, kënnt Dir frou sinn, wann alles gemaach gëtt, fir datt Dir déi kënnt behalen. Ech mengen och net, datt ee soll gutt Länner, schlecht Länner a Stigmatisatioune soll maachen. Mir sinn alleguer zesummen an Europa, an enger Unitéit an dëser Situatioun."

Aktuell géif sech déi Fro fir den Tourismus- a Mëttelstandsminister Lex Delles souwisou net stellen, well ee jo och nach net wéisst, ob wann ee geimpft ass, een net awer nach anerer ustieche kéint. Aktuell géif jo och um Fluchhafe getest ginn. Der CSV-Deputéiert a fréierer Ministesch fir den Tourismus a Mëttelstand Françoise Hetto no géif et awer net duergoen, ze soen, wann een aus engem Risikogebitt kënnt a sech net teste wëll, muss een a Quarantän. Si fuerdert:

"Dat een zumindest an deene Fäll misst higoen a soen: Wann s de dann zeréckkënns, muss de a Quarantän! Well mir wëssen all, datt dee Schnelltest just eng momentan Sécherheet gëtt, déi engem seet, datt een dee Moment net ustiechend ass, awer net onbedéngt, datt een et net den Dag drop ass."

De Lex Delles huet ënnerstrach datt ee bewosst kee Rees-Verbuet agefouert huet:

"Mee natierlech stoppen déi Reegelen, déi zu Lëtzebuerg en place sinn, op de Grenzen. Och wann een iwwert d'Grenz geet, huet ee Reegelen, un déi ee sech soll halen."

Ma genee do feelt et dem Gilles Feith vun der Luxair awer u Koherenz tëscht de Länner an Europa. Déi wier awer néideg, fir kënnen ze plangen:

"D'Leit léieren dann och mat där Situatioun ze liewen. Dat ass de wichtegste Punkt fir mech. Mir hunn déi Situatioun lo a musse léieren, domat ze liewen an eis Aarbecht domat ze maachen a weider ze kommen."

Och den Tourismus hei am Land leit natierlech ënnert der aktueller Situatioun. Fir den Hotelier Marcel Goeres muss een d'Touristen an Zukunft mat kreative Konzepter ulackelen:

"E Package kréien, wéi wa se op Palma ginn, 'all inclusive'. A wann ee bei mech an den Hotel kënnt, dann muss een e Lëtzebuerger Wäin kréien a wärend enger Stonn eng Degustatioun kréien. Datt muss dra sinn. Et muss eng lieweg Geschicht sinn. Mir mussen ophalen, en Zëmmer ze verkafen."

Lëtzebuerg ass awer natierlech net dat eenzegt Land, wat no Nische sicht a Packagen ubitt. Fir den zoustännege Minister ass et awer d'Diversitéit vun eisem Land, déi fir eis vläicht normal ass, déi Leit aus dem Ausland unzitt.

"Mir kënne Saache verkafen, fir déi cibléiert Leit, déi dat sichen. Zum Beispill Explorer, déi eppes Neies wëlles entdecken a spezifesch Krittären hunn. An der Stad kënne mer den Unesco weider verkafen. Mir kënne formidabel Saachen no bausse bréngen. Et gëllt cibléiert, fir ze goen a Gruppen vu Leit uschwätzen a kuerzfristeg kucken, déi richteg Reklammen ze maachen."

Eis Invitéë waren:

Gilles Feith
Krisemanager an der Covidlogistikcellule
Fréiere Chef vum Centre des Technologies de l’informatique de l’Etat du Generalcoordinator vun der Defense

Lex Delles
DP-Minister fir Tourismus a Mëttelstand

Marcel Goeres
Onofhängegen Hotelier mat 4 Hoteller an der Stad

Françoise Hetto
CSV-Deputéiert am Osten
Ministesch fir Tourismus a Mëttelstand vun 2009-2013

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

*D'Kommentar-Funktioun ënnert dësem Artikel gouf nodréiglech zougemaach, well déi meeschte Kommentare géint eis Charta verstouss hunn.