An der Emissioun "De Kloertext" goung et en Donneschdeg ëm déi national Impfstrategie.

Impfe jo, mä net mat egal wat, net egal wéi!

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Impfflicht, mä "wann ee sech ëm vulnerabel oder eeler Leit këmmert, da gëllen aner Reegelen." Där Meenung ass den Dokter Gérard Schockmel, Infektiolog an den Hôpitaux Robert Schuman.

An der Emissioun Kloertext op der Tëlee huet hien drop higewisen, datt déi éischt Reegel fir all Medezinner ass, datt en dem Patient net dierf schueden. Eng Impfflicht fir Leit, déi mat vulnerabele Patiente schaffen oder mat vulnerabele Mënschen an Alters- a Fleegeheemer, ass senger Meenung no onëmgänglech.

Den Intensivmedezinner aus dem Centre Hospitalier du Luxembourg, den Dokter Jean Reuter, ass och der Meenung, datt Leit aus dem Gesondheetssecteur eng moralesch Flicht hunn, sech impfen ze loossen. Hien erënnert drun, datt a verschiddenen Heemer just 50-60 Prozent vum Personal geimpft ass a werft d'Fro op, wat géif geschéien, wann eng Impfflicht agefouert gëtt a 40 Prozent vum Personal de Vaccin géif refuséieren.

An der Ronn waren um Donneschdeg den Owend och zwee Deputéiert mat dobäi. Nämlech de Marc Hansen vun déi Gréng an de Marc Baum vun déi Lénk. Si hunn allen zwee ënnerstrach, datt se ouni Zweiwel fir d'Impfung, awer géint eng Impfflicht sinn.

An hiren Ae misst däitlech méi informéiert, sensibiliséiert an opgekläert ginn.

Den Dokter Gérard Schockmel seet et wier laang verpasst ginn, eppes ze maachen. Hie wier d'lescht Joer schonn am Mee an d'Spideeler vum Grupp HRS gaangen, wier mat senger Opklärungsaarbecht awer e bëssen den "einsamer Rufer in der Wüste" gewiescht.

D'Regierung hätt eréischt am November eng Campagne op d'Been gesat an elo géif ee sech wonneren, datt vill Leit sech net gutt genuch informéiert fillen. Fir hie muss en Etat des lieux gemaach ginn, wou gekuckt gëtt, wie geimpft ass, wien net a wou déi Leit hierkommen. Aus dem Grand-Duché oder aus engem vun den Nopeschlänner. Deen Etat des lieux misst da mat engem direkten Aktiounsplang verbonne sinn.

Am Kloertext goung et donieft ënnert anerem ëm den Impfstoff vun AstraZeneca an ëm d'Schnell- an d'Selbsttester.

Eis Invitéë waren:

Dr Jean Reuter

RTL

Intensiv-Medezinner am CHL

Marc Hansen

RTL

Deputéierten déi gréng / Member Santéskommissioun, Apdikter

Marc Baum

RTL

Deputéierten déi Lenk / Member Santéskommissioun

Dr Gérard Schockmel

RTL

Infektiolog Hôpitaux Robert Schuman

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)