D'Angscht virum Virus dominéiert eisen Alldag, déi heefegst Doudesursaach bei de Männer an zweetheefegst bei de Frae bleift awer de Kriibs.

De Kriibs a Pandemiezäiten an d'Evolutioun vun der Recherche stoungen en Donneschdeg den Owend am Mëttelpunkt vum Kloertext Spezial, dem Startschoss vun der éischter Télévie-Woch.

D'Doktere si sech eens, datt duerch Corona manner Leit mat Kriibs, der Doudesursaach Nummer 1 zu Lëtzebuerg, diagnostizéiert goufen an datt d'Patienten zum Deel och, aus Angscht virum Virus, ze laang gewaart hunn, bis se sech medezinesch Hëllef gesicht hunn. A wéi ville Fäll Kriibs wéinst Covid-19 net entdeckt gouf, ass natierlech schwéier ze soen, et ginn awer Estimatiounen, wéi et vum Kriibsdokter a Fuerscher Guy Berchem heescht.

"Dat Eenzegt, wat ech an der lescht gesinn hunn, dat si Chiffere vum Professer Michel Mittelbronn aus dem nationale Gesondheetslaboratoire. Hien huet evaluéiert, datt mer ongeféier 10 Prozent manner Diagnosen haten elo an deem Joer. Dat sinn déi eenzeg Chifferen, déi ech kann nennen an dat ass onheemlech vill."

Datt esou séier en Impfstoff géint Covid-19 entwéckelt gouf, dat ass der Kriibsfuerschung ze verdanken. Do gouf an de leschte Jore vill Viraarbecht geleescht, vun där elo profitéiert gouf an d'Wëssenschaft hofft, datt d'Erkenntnisser, déi elo den Ament gemaach ginn, och dono der Kriibsfuerschung ze gutt kommen, esou d'Professer Simone Niclou, Biologin a Fuerscherin am Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut.

"Schonn nëmmen de Fakt, datt deen RNA-Vaccin elo approuvéiert ass, ass en enorme Virdeel. Elo wësse mer, datt et méiglech ass, fir esou e Vaccin bei de Leit à grande échelle unzewenden. Dat ass sécher och e grousse Virdeel fir d'Kriibsfuerschung. Op där anerer Säit gëtt elo och ganz vill Fuerschung gemaach iwwert de ganzen Immunsystem."

Dat wier natierlech och fir d'Kriibsfuerschung ganz wichteg.
Den Eric Nosbusch, bekannt als DJ Nosi, krut no senger Première d'Diagnos, datt hie Leukemie hätt. Hie seet, säi Liewe wier am Februar zejoert wéinst dem Kriibs komplett erofgefuer ginn, en Ament, wou och déi psychologesch Begleedung ganz wichteg gouf.

"Am Ufank war et ganz kloer Angscht. Wann s de do läis an du hues u sech esou vill Wënsch an esou vill Pläng, wat dass de elo wollts maachen an op eemol weess de net méi ob s de an engem Joer nach do bass oder net. Dono ass et einfach méi déi Gedold, déi gefrot ass. Ech hat selwer Schwieregkeeten ze acceptéieren, datt dat iwwer Méint a Méint a Méint geet."

Och fir d'Kriibspatiente gëtt et net genuch psychologesch Hëllef zu Lëtzebuerg. 3 Psychologe këmmere sech am CHL ëm déi mental Gesondheet vu Leit mat Kriibs. Si gesinn ongeféier 800 Patienten d'Joer plus hir Famillen.

Wéi wichteg déi finanziell Ressourcen an der Fuerschung sinn, hunn déi lescht Méint däitlech gemaach. Beim Télévie, dee wichteg fir d'Fuerschung ass, riskéieren dëst Joer, manner Suen eranzekommen, well duerch Covid-19 keng Evenementer konnten organiséiert ginn. Dofir um Enn nach dëse Message vum Dokter a Fuerscher Guy Berchem.

"Wann ee schonn haut kann en Appell maachen, wannechgelift loosst eis net hänken."

Vun e Méindeg bis e Freideg schalt RTL all Dag live an ee vun de fënnef Centres de Promesses. De groussen Télévie-Dag ass e Freideg 8 Deeg.

Eis Invitéë waren:

Dr Guy Berchem
Kriibs-Dokter a Fuerscher
President INC, Recherche-Direkter CHL, Medezineschen Direkter LIH

Prof. Simone Niclou
Biologin a Fuerscherin um LIH
Spezialgebitt: besonnesch aggressiv Gehier-Tumeuren

Eric Nosbusch
Krut no der Première d'Diagnos Leukämie
Gouf wärend der Covid-Kris behandelt

Anaïs Meulemans
Psychologin am CHL
Schafft mat Kriibspatienten an hire Famillen

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)