Am Kloertext op der Tëlee goung et en Donneschdeg ëm d'Landesplanung an domadder verbonnen och ëm d'Fro wéi Lëtzebuerg an Zukunft soll wuessen.

D'Projektioune weisen, datt mer bis 2050 zu méi wéi enger Millioun am Grand-Duché sinn, plus knapp 400.000 Frontalieren, déi all Dag heihinner wäerte schaffe kommen.

Fir verschidde Parteien e Grond op d'Brems ze sprangen, anerer wëlle besser steieren.

Fir de grénge Landesplanungsminister, deen no 20 Joer en neie Plan Directeur ausgeschafft huet, sinn d'Chifferen eigentlech net wichteg. Et ass fir de Claude Turmes net an éischter Linn d'Fro ob 750.000 Awunner oder eng Millioun, mä vill méi wou d'Entwécklung higeet.

"Wann ech dat bëssen iwwerspëtzen: Wëll Lëtzebuerg Singapur ginn? Dat heescht nëmmen drop lass, ëmmer nach méi Wirtschaftswuesstem oder en anere Modell, dee mir eigentlech léif war, dat ass Genève an der Schwäiz. Dofir hunn ech dee ganze Plang op Genève opgebaut. Héich Liewensqualitéit, Ressourceschounung awer dann och mat de Grenzregiounen zesummeschaffen."

Fir de Fernand Kartheiser vun der ADR sinn dat, wéi hie seet, alles just huel Floskelen.

"De Problem ass jo, och wa mer bei där Millioun sinn, déi den Här Turmes elo net méi erféiert, da geet et jo virun esoulaang mer net reforméieren, esoulaang mir zwou an eng hallef aktiv Persoune brauchen, fir eng Pensioun ze bezuelen, si mer an engem System, deen och bei där Millioun net ophält. Also musse mer reforméieren. Wat mir als ADR proposéieren, ass datt mer e Referendum doriwwer maachen, mir wëllen einfach eng breet ëffentlech Diskussioun."

E Referendum, dat ass och an den Ae vum Joé Thein vun déi Konservativ de richtegen Usaz.

"Mir als Partei favoriséiere e Modell Lëtzebuerg, sou wéi mer e fréier kannt hunn, wou et einfach nach méiglech war, hei am Land ze liewen a wou et keen esou e groussen Impakt gouf."

Den LSAP Wirtschaftminister Franz Fayot ënnersträicht, datt dat net sou einfach ass wéi et kléngt.

"Et ass ëmmer schéin a séier gesot 'mir bremsen elo de Wuesstem, mir wëlle kee Wuesstem méi a mir maachen d'Grenzen zou.' Dat ass natierlech total onverantwortlech, fir esou Saachen ze soen, well et einfach net geet. Mir sinn an engem klengen ganz oppene Land an Europa."

Landesplanung geet zu Lëtzebuerg just mat de Gemengen, déi sinn awer nach laang net ëmmer zefridden iwwert d'Manéier wéi geschafft gëtt. Dacks géifen Etüden alles onnéideg an d'Längt zéien, fënnt zum Beispill de liberale Buergermeeschter vu Miersch, de Michel Malherbe.

"Ech well elo net soen, datt et ëmmer déi Gréng sinn, mä mir sinn ze vill bürokratesch. Ech kann Iech och Beispiller ginn, wou verschidde Beamten aus Ministère wiesselen. Dann hate mer op deem seng Recommandatioun dem Bureau d'études en Optrag ginn, fir eppes ze maachen, dann ass deen net méi do an da seet deen nächsten "dat do geet net" an da fänke mer erëm un."

Och den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo beschwéiert sech.

"Mir als Gemenge sinn am Fong ëmmer bëssen de Spillball vun de Ministèren an ech muss awer do soen, datt mer als Gemengen dacks net gefrot ginn, an datt mer vill Saachen imposéiert kréien. Mir gi sécher an Decisiounen net genuch agebonnen. Dat stoung jo och an engem Avis vum Syvicol iwwert den PDAT (Programme directeur d’aménagement du territoire). Et ass jo am Fong reng consultativ, datt d'Gemenge gefrot goufen. Mir sinn am Fong jo just Befeelsempfänger vun deem, wat an der Regierung decidéiert gëtt an da musse mer kucken, datt mer d'Saachen ëmgesat kréien."

Eis Invitéeën am Kloertext

Claude Turmes (déi gréng)
Minister fir Landesplanung

Franz Fayot (LSAP)
Wirtschaftsminister

Michel Malherbe (DP)
Buergermeeschter vu Miersch

Georges Mischo (CSV)
Deputéierten a Buergermeeschter vun Esch

Fernand Kartheiser (adr)
Deputéierten a Gemengeconseiller Käerjeng

Joe Thein (Déi Konservativ)
Nationalpresident

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.