Wéi vill gëtt zu Lëtzebuerg decidéiert? Wéi Demarchen a Reegele méi einfach maachen? Wat sinn Zukunftsstrategien? Wéi genuch Nowuess garantéieren? 

Iwwerall an eisen Nopeschlänner protestéieren d'Baueren. Si ware souguer mat hiren Trakteren op Bréissel, fir den europäesche Regierungscheffen ze weisen, datt elo Schluss ass.
Zu Lëtzebuerg sinn d'Bauere solidaresch mat hire Kolleegen aus der EU a Roserei gëtt et och hei am Land, wéi de Copresident vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Charel Ferring en Donneschdeg am Kloertext op der Tëlee ënnerstrach huet.

Protester ginn et souz soe keng och wann d'Jongbaueren eng Aktioun zu Schengen ënnerstëtzt hunn.
Datt d'Lëtzebuerger Baueren den Ament esou roueg sinn, léich just drun, datt den Dialog mat der Regierung ganz gutt wier. Roserei géif et nämlech och hei am Land, seet de Charel Ferring: "D'Roserei, déi kacht. Mir hunn nach Hoffnung, datt mer grouss Problemer am Dialog geléist kréien. Et kann net jiddereen an zwee Méint d'Welt änneren, och net zu Lëtzebuerg, mä do ginn et ganz grouss Problemer. Dat huet bei Wäitem net allze vill mat Pestiziden ze dinn."

E grousse Sujet seet de Charel Ferring wier d'Bauen an der Gréngzon, well d'Betriber net méi wëllen am Duerf sinn an et hätt een an der Lescht d'Gefill gehat, datt ëmmer no engem neie Grond gesicht gi wier, fir de Baueren d'Zukunft ze verweigeren.

Op europäeschen Niveau wiere Pestiziden e grousse Sujet, mä zu Lëtzebuerg géife Planzeschutzmëttel souwisou schonn nëmme limitéiert agesat ginn, seet de Guy Feyder, President vun der Landwirtschaftskammer. Dat géif drou leien, dass de Gros vun der Landwirtschaft bei eis Véizuucht wier: "Wa mer als Lëtzebuerger Agrikultur eis ausdrécken par rapport zu de Liewensmëttel, dann dierf et an der Ëffentlechkeet net den Androck ginn, wéi wa Landwirtschaft dat selwecht ass wéi Pestiziden a Pestiziden dat selwecht wéi Landwirtschaft. Mech stéiert deen Debat eigentlech e bëssen. Ech fannen, datt d'Applikatioun an Zukunft massiv wäert zeréck goen, wéi och de Charel Ferring seet, well d'Technologiën ënnerwee sinn an déi ganz Welt rifft dono, datt den Asaz vun deene Mëttelen zeréck geet."

Fir déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz huet, wann et ëm d'Pestizide geet, awer och déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik versot: "Mir hu mat der europäescher Agrarpolitik, dat ass een Drëttel vum europäesche Budget, dat wier e geniaalt Orientéierungsinstrument, fir ebe just d'Baueren z'ënnerstëtzen de Wee vun enger Transitioun ze goen hin zu manner Pestiziden, mä mir maachen et awer net. Mir hu kee Paradigmewiessel iwwerholl."

Dat konnt d'CSV Landwirtschaftsministesch Martine Hansen net esou stoe loossen: "Ech wëll wierklech hei net déi ganzen Zäit héieren, datt eis Baueren permanent géifen dorëmmer sprëtze goen. Déi gi jo net andauernd sprëtzen. Mir hunn eist Ziel beim Planzeschutzasaz, eng Reduktioun vu 50 Prozent schonn erreecht a mir sinn hei zu Lëtzebuerg richteg gutt. Ech kann dat net einfach esou ziele loossen."

Mat an der Ronn souz och d'Daniela Noesen,  als Direktesch  vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft, si war enttäuscht wéi se an der Emissioun gewuer gouf, datt d'Biobaueren net fir de Landwirtschaftsdësch de 4. Mäerz invitéiert sinn.

D'Invitéeën am Kloertext sinn

Martine Hansen

Landwirtschaftsministesch CSV

RTL

© Eric Steichen

Guy Feyder

President Landwirtschaftskummer

RTL

© Eric Steichen

Charel Ferring

Copresident Landjugend a Jongbaueren

RTL

© Eric Steichen

Daniela Noesen

Direktesch Vereenegung fir Biolandwirtschaft

RTL

© Eric Steichen

Tilly Metz

EU-Deputéiert déi Gréng

RTL

© Eric Steichen

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.