Zwar gëtt et aktuell keng Debatt iwwer d'Staatsform vum Grand-Duché, mam Trounwiessel stellt sech d'Fro awer, grad ewéi déi vun enger Moderniséierung.

Ass d'Monarchie déi bescht Staatsform fir Lëtzebuerg? Ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext, eng gutt Woch nodeems mat der Lieutenance den Trounwiessel agelaut gouf. An der Emissioun op Tëlee Lëtzebuerg goung natierlech och Rieds iwwert d'Krisen, déi et bis elo wärend der Herrschaft vum Grand-Duc Henri gouf.

Fir déi fréier Presidentin vum Planning Familial Danielle Igniti huet de Grand-Duc Henri ee ganz grousse Feeler gemaach, wéi hien d'Gesetz iwwert d'Euthanasie, dat an der Chamber gestëmmt gi war, net wollt ënnerschreiwen.

"Fir mech ass dat eng Faute Grave vun engem, deen e Staatschef ass, an dee wëllt en Equiliber duerstellen an eng Sécherheet ginn. Dee kann esou eppes net maachen. Mir hu Leit gewielt, dat sinn eis Vertrieder, déi sinn an der Chamber, dat ass eise System, déi stëmmen e Gesetz, well se eng Majoritéit dofir hunn an hien huet dat z'acceptéieren. Wann hien dat net mécht, da stellen ech mer seriö Froen."

D'Gesetz iwwert d'Euthanasie hat bal eng Staatskris provozéiert. De Victor Weitzel, fréiere Chefredakter an Direkter vum Quotidien ass awer der Meenung, datt een dem Grand-Duc Henri positiv muss urechnen, datt hien - fir d'Éischt emol ganz diskret- annoncéiert huet, datt hien dat Gesetz net kéint ënnerschreiwen. Hien hätt sech an där Ausernanersetzung loyal verhal, par Rapport zum Staat, senger Stabilitéit an eben och dem Vermeide vun enger institutioneller Kris.

"Ganz kloer war dat awer eng indirekt Demande, d'Politik kéint eng Solutioun dofir fannen. Hien huet der Politik d'Méiglechkeet ginn, ze reagéieren. Hien huet se also virgewarnt."

Am Kloertext goung et och ëm d'Fro, wéi eng Legitimitéit de Grand-Duc nach huet. Mat der Ausso, datt déi lescht demokratesch Legitimitéit ganz laang hier ass, ass de Luc Heuschling, Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg net averstanen a schwätzt déi nei Verfassung un.

"D'Fro vun der Monarchie war am Ufank d'Haaptthema vun där Reform an doduerch dass jo awer kee Referendum ausgeléist gouf, well d'Bierger an d'Politiker dat net wollten, koum et zu kengem Momentum, mä mat der neier Verfassung ass och d'Monarchie erëm nei legitiméiert."

Den David Wagner ass als Deputéierte vun déi Lénk zwar Member an der Chamber. Fir hien ass awer kloer, datt si trotz allem net dat ganzt Vollek ass.

"Déi leschte Kéier wou et eng Legitimitéit gouf dat war 1919 beim Referendum, wou d'Froen awer och esou formuléiert waren, datt se net onbedéngt en Faveur vun enger Republik waren. Dat war déi leschte Kéier, wou d'Leit per Referendum gefrot goufen. Dës Kéier ass dat  am "stillen Kämmerlein" vun der Chamber decidéiert ginn, well mir schwätze vun der Verfassung, net vun engem Gesetz."

An den Ae vun déi Lénk gëtt et dofir schonn iwwer 100 Joer keng richteg demokratesch Legitimitéit  méi fir d'Monarchie. Den David Wagner ass och iwwerzeegt, datt de Grand-Duc net iwwert de Parteie steet a politesch neutral ass. Meeschtens wier den Adel e Milieu, wou d'Leit éischter konservativ oder reaktionär wieren.

Mat eisen Invitéen:

Danielle Igniti
Fréier Presidentin Planning Familial

Victor Weitzel
Journalist a Publizist

Luc Heuschling
Professer fir Verfassungsrecht Uni.lu

David Wagner
Deputéierten déi Lénk