Iran hieft Spär op, US-Blockad bleiftTeheran mécht Strooss vun Hormus wärend Wafferou op

RTL Lëtzebuerg
Et deet sech eppes am Noen Osten. Déi fir de weltwäite Pëtrolshandel wichteg Strooss vun Hormus soll wärend der Wafferou "komplett op" bleiwen.
© MORTEZA NIKOUBAZL/NurPhoto via AFP

Den Iran huet annoncéiert, datt en d’Strooss vun Hormus opmécht, sou laang wéi d’Wafferou unhält. Handelsschëffer solle kënnen duerchfueren, heescht et vum Ausseministère vun Teheran op der Plattform X. Dëst ass d’Reaktioun op d’Waffepaus am Libanon, déi en Donneschdeg deklaréiert gi war.

D’Wafferou tëscht dem Iran an den USA dauert elo mol bis den 22. Abrëll, also nach 5 Deeg. Am Libanon sollen d’Waffe nach 9 Deeg laang rouen. U wéi engem Datum sech orientéiert gëtt, ass net ganz kloer.

D’USA haten awer och fir hiren Deel erkläert, d’Strooss vun Hormus fir all déi Schëffer ze spären, déi an iranesch Häfe wëlle fueren oder vun do wëlle fort fueren. Den Donald Trump huet matgedeelt, datt de Passage nees op wier, d’Blockad vun den iraneschen Häfen awer bestoe géing bleiwen. Dës géing gëllen, bis d’Verhandlunge mam Iran zu 100 Prozent ofgeschloss wieren. De Prozess sollt séier virukommen, well déi meescht Punkte scho fäerdeg verhandelt wieren, esou den Trump op Truth Social.

Op de Mäert gouf et op alle Fall positiv Reaktiounen. De Präis fir de Barrel Brent ass direkt däitlech no ënne gaangen.

Back to Top
CIM LOGO