
Den 10. Januar huet géint 17.17 Auer eng Persoun an engem Geschäft an der Stater Groussgaass geklaut. Eng Mataarbechterin krut hiren Handy aus der Posch geklaut. An deem Kader sicht d’Police elo no der Persoun, déi op der Foto ze gesinn ass.
Wien Informatiounen zu der Persoun huet a si identifizéiere kann, ass gebieden, sech um Stater Policebüro ze mellen. D’Telefonsnummer ass (+352) 244 21 1000 oder per E-Mail u police.villehaute@police.etat.lu.
D’Police mellt dann och nach, datt zwou Persounen an der Stad no engem Abroch festgeholl gi sinn. De Virfall war an der Nuecht op e Freideg, wou de Beamten een Abroch an een Eefamilljenhaus an der Rue de la Paix an der Stad gemellt gouf. Éischten Informatiounen no haten zwee Abriecher probéiert, iwwer eng ageschloe Fënster an d’Haus eran ze kommen. Do hu si dann d’Raim duerchwullt. Eng Patrull ass op d’Plaz gefuer a konnt déi zwee Verdächteg dunn och prompt stellen. Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee festgeholl a goufen e Freideg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.
En Donneschdeg den Owend gouf op der Gare dann och nach engem Affer den Handy mat Gewalt ofgeholl. Eng Policepatrull ass op d’Plaz gefuer a konnt d’Affer an de Verdächtegen op der Plaz unzetreffen. Ee vun de Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a gouf dem Untersuchungsriichter virgefouert. Den zweete Verdächtege war ee Mineur, dowéinst gouf hei ee Protokoll erstallt.