
Obwuel sech d’Situatioun an der Strooss vun Hormus deblockéiert huet, wäerten déi geopolitesch an déi ekonomesch Suitte vum Krich am Iran d’Weltwirtschaft nach laang beschäftegen. Dat gouf och op der Fréijoersreunioun vun der Weltbank an dem FMI zu Washington kloer, wou de Finanzminister Gilles Roth Lëtzebuerg vertrueden huet. Trotz allem Pessimismus ass den CSV-Minister no engem reegelrechte Speed-Dating vu 24 Entrevuë bannent 48 Stonnen nawell optimistesch, datt d’Stäerkte vun der EU, mee absënns och der Lëtzebuerger Finanzplaz, d’ekonomesch Schocke wäerten offiederen.
Duerfir missten awer och d’Zentralbanken an hiren Zënsdecisioune matspillen, fir net d’fragil ekonomesch Wuesstemstendenzen ze erstécken, sot de Gilles Roth an der US-Haaptstad. Et ass eng Revendicatioun, fir d’Zënstauxen entspriechend de Krisen-Zenarioen unzepassen.
De Pessimismus vum IDEA-Denkgrupp deelt de Gilles Roth bei sengem Gespréich aus den USA net a seet, datt hie bei allen Entrevuen, besonnesch och mat US-Banken, eng déif Wäertschätzung fir d’Lëtzebuerger Finanzpolitik gespuert huet, trotz der allgemenger Onuerdnung vun der Weltpolitik an der internationaler Ekonomie.
Wat d’Tripartite ugeet, dierft een dem Finanzminister no net direkt ugangs vum Prozess op déi rout Linnen hiweisen. D’Leit géife sech Kompromësser a Konsenswëlle vun de Sozialpartner erwaarden, déi beienee sëtzen.“Waasser a säi Wäi schëdden”, wier een dem Gilles Roth no de Leit an enger Tripartite schëlleg.