
Privat Leit, Benevollen, Veräiner, Associatiounen a Firmen hu sech dat ganzt Joer fir den Télévie agesat, Done gesammelt a sech domadder fir d’Lutte géint de Kriibs staark gemaach.
E Samschdeg ass de groussen Ofschloss vum Spendemarathon. Moies gëtt de Compteur um Radio lancéiert, wou jiddereen de ganzen Dag iwwer nach weider spende kann. Vu 6 Auer moies u kënnt Dir bei eis am Livestream de groussen Télévie-Dag suivéieren.
An der Live-Emissioun op RTL Lëtzebuerg gi vun 19 Auer un um Compteur final all d’Donen, déi wärend deem ganze Joer gesammelt goufen, annoncéiert. Wéi all Joer gëtt de ganzen Erléis un d’Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg gespent.
Op eisen Telefone kënnt Dir och dëst Joer nees eng Rei Prominenter erreechen. Nieft ënnert anerem dem Laura Thorn an dem Tommy Schlesser gëtt et dëst Joer och eng Première um Telefon. Mat Chance hieft bei Iech de Grand-Duc Guillaume den Telefon tëscht 20.30 Auer an 21 Auer op.
Zesumme géint de Kriibs - Mäin Don zielt
Den 21. November war de grousse Lancement vun der 25. Editioun vum Télévie an der Emissioun Live! Planet People. Déi véier Centres de promesses waren dës Editioun Feelen, Biissen a Rodange.
Fannt all d’Télévie-Fotogalerien op RTL.lu an all d’Informatiounen op televie.rtl.lu.