
Géint 22.15 Auer e Freideg gouf an der Urgence vum Centre Hospitalier um Kierchbierg e staark alkoholiséierte Mann gemellt, dee soll randaléiert hunn. Eng Policepatrull ass op d’Plaz gaangen a konnt de Mann do untreffen. Hie wollt sech awer net berouegen an huet sech den Uweisunge vun de Policebeamte widdersat, esou datt decidéiert gouf, hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest ze bréngen.
Géint 22.40 Auer gouf der Police du beim Tramsarrêt “Stadion” e Mann gemellt, dee staark alkoholiséiert war, sech géintiwwer Passante verbal aggressiv verhale soll hunn an och huet misse vun engem Sécherheetsbeamte festgehale ginn. D’Polizisten op der Plaz konnte confirméieren, datt de Mann ënner Alkoholafloss stoung, d’ëffentlech Rou gestéiert huet an eng Gefor fir sech selwer duergestallt huet. Wéinst sengem Zoustand gouf de Mann no enger medezinescher Kontroll an den Arrest bruecht.
Dann huet d’Police och nach Alkoholkontrollen duerchgefouert, dat op zwou Plazen op der N7 an op der A7 op der Colmer Bréck. Insgesamt goufen 1.509 Automobilisten ugehalen, 44 Alkoholtester si positiv ausgefall a 14 Fürerschäiner goufen agezunn.