Trump & Musk: eng Gefor fir ons Demokratien?
Am Kloertext op der Tëlee um Donneschdeg den Owend gëtt debattéiert, wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn.
Sinn den Donald Trump an den Elon Musk, deem jo ënnert anerem d'Plattform X gehéiert, eng Gefor fir eis Demokratien? Déi Fro huet d'Caroline Mart am Kloertext op der Tëlee opgeworf. Vun de véier Invitéeën war just een, den Affekot Pol Urbany, der Meenung, datt si keng Gefor sinn, genee sou wéineg wéi de Mark Zuckerberg, deem sengem Konzern Meta Plattforme wéi Facebook oder Instagram gehéieren.
"Eis Demokratie ass geschützt", ënnersträicht de Pol Urbany. An enger parlamentarescher Demokratie misste schliisslech d'Volleksvertrieder gewielt ginn an et wiere si, déi dono d'Gesetzer maachen a Verfassungsännerunge misste mat enger zwee Drëttel Majoritéit gestëmmt ginn.
"Elo ass dann en Alice Weidel wat an Däitschland 20 Prozent kritt a wou de Musk et ënnerstëtzt. Ech hunn dee Stream extra gekuckt, fir an d'Sendung ze kommen. Ech fannen e lächerlech, ech fannen e politesch ouni Message, ech fannen en ouni Effekt ausser, datt e souwuel den Elon Musk wéi och d'Alice Weidel blaméiert huet. Si hunn Allenzwee eng kleng folkloristesch Show do ofgezunn. Fir mech stellt dat keng Gefor fir eis Demokratie duer."
Anescht gesäit dat zum Beispill de Jean-Jacques Rommes, Member vum nationale Justizrot. Hien huet d'Plattform X verlooss.
"An de leschte Wochen huet den Elon Musk all rout Linnen agerass, déi ee sech ka virstellen, an dunn hunn ech geduecht, elo wier den Ament fir mech, fir definitiv e Schlussstréch ze zéien an dann awer och ze soen, datt ech mat deem wat do ofleeft net d'Accord sinn."
Eng Decisioun, déi d'Uni.lu schonn Enn d'lescht Joer geholl huet, an d'Bundeswehr an Däitschland dës Woch. Obschonn et fir si e gudde Wee war, fir ze rekrutéieren.
Datt et fir Politiker e schwéiere Wee ass, esou Plattformen wéi X ze verloossen, versteet de Mark Cole, dee Medierechtsprofesser op der Uni an Direkter vum Institut fir europäescht Medierecht ass. An awer wier et déi richteg Decisioun.
"D'Hoffnung wier jo, datt andeems esou Decisioune geholl ginn an een net all Trend matmécht, och wann een op esou Plattformen méi en direkten Zougang zu sengen User huet, datt dat déi traditionell Medien erëm stäerkt. Dofir géif et gutt Grënn, well déi no anere Spillreegele funktionéieren an d'Credibilitéit vun deem, wat ech an traditionelle Medie kréien, och als Politiker am Fong vill méi en héije Wäert misst hunn, datt ee vläicht drop verzicht all "Like" oder all "Follower" probéiert iwwert déi aner Kanäl ze kréien."
De Ferdinand Kayser ass Member vun der Direktioun vun der SES a kennt den Elon Musk perséinlech. Déi zwee Männer hu sech schonn zu Betzder getraff an hie weess, wat den Elon Musk kann an zesumme mam Donald Trump kéint dat nawell eng geféierlech Situatioun ginn.
"En ass an der Lag, ouni Filter global ze kommunizéieren, an en zéckt jo och net, fir sech a politesch Environnementer anzemëschen. A Südamerika oder an Europa. D'Fro ass, wéi eng Instrumenter ginn et? An Europa gëtt et dee sougenannten Digital Sevices Act. Sinn déi Instrumenter gëeegent fir him de Bass ze halen fir dogéint ze goen?"
Dat géif sech dann an deenen nächste Wochen a Méint weisen. De Ferdinand Kayser seet, hie wier op alle Fall gespaant, wéi d'EU Kommissioun an deem Zesummenhang reagéiert.
D'Invitéen:
Mark Cole
Medie-Rechtsprofesser Uni.lu
Direkter Institut Europäescht Medierecht
Member vum däitschen "Zukunftsrat"

Jean-Jacques Rommes
Freieren ABBL- an UEL-Chef
Member vum Nationale Justizrot
Huet X verlooss

Ferdinand Kayser
Member vun der Direktioun SES
Strateegesche Conseiller CEO SES
Kennt den Elon Musk perséinlech

Pol Urbany
Strofrecht-Affekot
Plädéiert och Medierechtsaffären
