Mam brutalen Ugrëffskrich géint d’Ukrain war keen Zweiwel méi um russeschen Imperialismus.

Deelen Trump, Xi a Putin d'Welt ënnert sech op? Iwwert d'Käpp vun den Europäer ewech? Wéi eng Responsabilitéit kënnt op d'EU an hir 27 Memberlänner duer, wann op eemol net méi d'Vëlkerrecht, mä d'Recht vum Stäerkste gëllt? 
 
Iwwert déi Froe gouf en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee diskutéiert.
 
De liberalen Europadeputéierten a fréiere Verdeedegungsminister Charel Goerens ass sech sécher, datt mer grad d'Enn vun enger Entwécklung erliewen an den Ufank vun eppes Neiem.
 
"Mir wëssen nach net vu wat et den Ufank ass. Mir wëssen awer, datt mer och schonn eng Kéier Ufänk haten an der Zäit, an déi sinn net gutt ausgaangen. D'Rechtsstaatlechkeet ass fort, de Multilateralismus ass fort an den Anstand an der Politik och, wann ee gesäit, wat fir eng Obszönitéiten den Ament Agang fannen an den Discours an de Vereenegte Staaten, da 'schwahnt mir Böses'". 
 
De Charel Goerens ass der Meenung, datt och nach net jidderengem kloer ass, wéi eescht d'Situatioun ass. Wat et bedeit, wann d'USA d'Ukrain an och Europa fale loossen, wat géif geschéien, wann de Putin en NATO-Land géif ugräifen. Säin LSAP-Virgänger am Verdeedegungsministère, den aktuelle Staatsrot Alex Bodry, ass der Meenung, datt dat geopolitesch Iwwerleeunge sinn, déi iwwert d'Käpp vu ville Leit ewech ginn. Notamment Leit, déi Populiste gewielt hunn, wéilte vun esou Diskussiounen näischt wëssen. Domadder géif een déi Parteien net schwächen.
 
"Mir mussen et fäerdeg bréngen, gewësse Leit hir Ängschten ewechzehuelen, gewësse Leit och d'Problemer ze léisen. An dat sinn elo vläicht net an éischter Hisiicht déi grouss geopolitesch Problemer, déi sech stellen, mee déi, déi d'Leit am Alldag beschäftegen. Wa mir et net fäerdeg bréngen, rëm a Kontakt mam Duerchschnëttsbierger ze kommen, well mir Politiker liewe jo och alleguerten an eiser klenger Bulle. Et gesäit ee schonn a sengem Privatliewen a wéi enger Bulle ee lieft, ouni et onbedéngt ze wëllen."
 
Fir de Charel Goerens ass kloer, datt eng enorm Responsabilitéit op d'EU an hir 27 Memberstaaten duerkënnt, fir esou Leit wéi Trump, Xi a Putin d'Stier ze bidden an d'Anna-Lena Högenauer, déi Politikwëssenschaftlerin op der Uni.lu ass, gesäit elo mat där zukünfteger Regierung an Däitschland eng Chance, den däitsch-franséische Motor, d'Zuchpäerd an der EU, erëm un d'Lafen ze kréien.
 
"Elo kann dat sech effektiv änneren. Vu datt den Trump esou radikal optrëtt, huet de Friedrich Merz zum Beispill direkt reagéiert an huet gesot, d'Europäer missten erëm méi staark ginn an hirer Verdeedegung. Do spillt d'Zesummenaarbecht vun Däitschland a Frankräich an eventuell och mat Groussbritannien eng Roll. De Friederich Merz huet zum Beispill d'Fro opgeworf, ob Däitschland a Frankräich an Atomwaffen investéiere mussen, fir datt Europa méi onofhängeg gëtt".

Oprëschten ass d'Wuert vun der Stonn, och wann dat dem fréieren EU-Kommissiounspresident an Éierestaatsminister Jean-Claude Juncker net gefält. "Mir mussen däitlech maachen, dass mer bereet sinn, d'Ausernanersetzunge mat deene Kräften opzehuelen. Do gehéiert obligatoresch dozou, dass mer militäresch méi staark ginn. Ech haassen dat, mä dat ass awer esou."
 
Dat kascht d'EU och enorm vill Suen, eng méiglech Pist wier et als EU gemeinsam Suen ze léinen, seet notamment den Europadeputéierte Charel Goerens. 
 
Datt den Donald Trump sech elo esou behëlt, wéi en et eigentlech annoncéiert hat, iwwerrascht den Andy Adams, deen op der Miami University studéiert a geschafft huet net. Hie vergläicht den US-President mat engem Déif, dee wärend véier Joer an enger Wunneng war a sech do net auskannt huet. Du wier en aus där Wunneng erausgeflunn an elo hätt hien erëm de Schlëssel kritt fir eran. Hien hätt elo véier Joer Zäit, géif sech auskennen, wéisst wat een alles kéint klauen a futti maachen.

Eis Invitéen

Charel Goerens
EU-Deputéierten DP
Fréiere Verdeedegungsminister 1999-2004

RTL

Alex Bodry
Member am Staatsrot LSAP
Fréiere Verdeedegungsminister 1994-1999

RTL

Prof. Anna-Lena Högenauer
Politikwëssenschaftlerin Uni.lu
Expertin fir international Relatiounen

RTL

Andy Adams
Huet op der Miami University studéiert a geschafft

RTL

Am Kader vun der Emissioun gouf een Interview mam fréiere Premier an EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gemaach. Hei sinn d'Videoe mat sengen Äntwerten zu folgende Sujeten.

Trump a Putin

International Spillreegelen

Ukrain-Verhandlungen

US-Erpressung als Method

Oprëschten a Waffen

Wéi fragile sinn eis Demokratien?

Rietsextremismus an der EU

Si mir ons bewosst, wat den Enjeu ass?