Kriibs ass d’Doudesursaach Nummer 1 zu Lëtzebuerg, nach virun Häerz-Kreeslafkränkten.

De Kriibs huet mech verännert. Dat seet eis fréier Kolleegin Christiane Kremer am Kloertext Spezial iwwert den Télévie. Nëmmen e puer Wochen no hirem leschten offizielle Schaffdag krut d'Christiane Kremer d'Diagnos Broschtkriibs, bei de Fraen hei am Land d'Doudesursaach Nummer 1. Bei de Männer ass dat de Longekriibs. Zuelen, déi weisen, datt mer nach e Stéck vum Zil, datt kee méi u Kriibs stierft, ewech sinn.

De Professer Dokter Christof von Kalle ass Direkter vum Luxembourg Center for Translational Research, der Fuerschungsklinik vum nationale Gesondheetsinstitut a wënscht sech eng "Vision zero", e Konzept, dat een zum Beispill aus der Verkéierssécherheet kennt a wou ee preventiv schafft an aus Feeler léiert.

"An der Medezin maache mer dat nach net an d'Iddi vun enger "Vision Zero" ass einfach ze soen, mir decidéieren eis dofir, Doudesfäll, déi kënne verhënnert ginn, och wierklech ze verhënneren. Also vill méi staark u Preventioun ze denken an all eenzele Steen ëmzedréinen. Esou wéi mer dat an deenen anere Beräicher och maachen."
 
Bis dohinner ass et awer nach e Stéck, och wann d'Fuerschung an de leschte Jore grouss Fortschrëtter gemaach huet. Personaliséiert Therapie an Immuntherapie si keng Zukunftsmusek méi - mä scho Realitéit. Déi richteg personaliséiert Therapie, wou een e Gen an enger Tumeur sicht an dann e Medikament huet, dat passt, ass den Ament awer eréischt a 15 bis 20 Prozent vun de Fäll applikabel.

Bei eiser fréierer Kolleegin Christiane Kremer war se net méiglech, si huet misste mat hirem Karzinom operéiert ginn an duerno eng Chemotherapie maachen. Hir Diagnos huet si duerchaus als Schock an Erënnerung.

"Ech weess, wéi ech de Bréif am Grapp hat, deen aneren Dag sinn ech op e Begriefnis vun engem Kolleeg, deen och u Kriibs gestuerwen ass, dat ass e komescht Gefill, wann een dann do setzt a seet, wat kënnt elo?"
 
An Zukunft soll eng Fuerschungsklinik de Patienten et erméiglechen, an Etüde matzemaachen an esou och mat Medikamenter kënnen traitéiert ze ginn, déi et nach net um Maart ginn. Eng  Fuerschungsklinik bedeit awer net, datt déi eréischt gebaut gëtt. Et soll villméi eng Synergie tëschent deene grousse Spideeler ginn. De Guy Berchem, President vum nationale Kriibsinstitut a medezineschen Direkter vum CHL.

"Ech mengen d'Iddi ass, datt déi Fuerschungsklinik op all d'Spideeler zoukënnt an hinne Saachen erlaabt, déi bis elo an deem Mooss nach net méiglech waren. Et sinn och klinesch Etüde ginn, ech mengen ech hunn der selwer, vill vu menge Kolleegen hunn der zu Lëtzebuerg gemaach, mä mir haten awer ëmmer Schwieregkeeten fir d'Moyenen zesummen ze krazen, fir déi Suen ze fannen an déi Leit ze fannen, déi eis hëllefen et ze maachen. Et kann een dat net eleng maachen an dat gëtt elo mat der Fuerschungsklinik vill méi einfach."
 
Am Kloertext goung awer och Rieds iwwert den amerikaneschen Ofbau vu Fuerschung. Dee mécht den Invitéë scho Gedanken, schliisslech hunn d'USA 2023 just fir d'Kriibsfuerschung 7 Milliarden Dollar ausginn. Elo gi renomméiert Fuerscher einfach virun d'Dier gesat. Verschidden europäesch Universitéite wéi Cambridge probéieren, dës Leit ze rekrutéieren an hu speziell Programmen.

Op der Uni Lëtzebuerg gëtt sécher rekrutéiert, seet d'Simone Niclou, déi Vize-Rektesch an zoustänneg fir d'Fuerschung op der Uni.lu ass, mä e spezielle Programm gëtt et hei am Land awer net.

Invitéen

Prof. Dr. Christof von Kalle
Direkter LCTR Fuerschungsklinik Lëtzebuerg 
Spezialist fir Onkologie, Gentherapie a molekular Medezin

RTL

Simone Niclou
Vize-Rektesch/  Vize -Rektorin fir Fuerschung Uni.lu
Fréier Direktesch vum Kriibsdepartement am LIH

RTL

Christiane Kremer
Laangjäreg Stëmm a Séil vun RTL Radio Lëtzebuerg
Krut virun Enn 23 d'Diagnos Broschtkriibs

RTL

Dr Guy Berchem
Medezineschen Direkter CHL
President Nationale Kriibsinstitut

RTL