D'Fraktiounspresidenten a Spriecher vun alle Parteien aus der Chamber hunn iwwert déi grouss Themen vun der Ried zu Lag vun der Natioun diskutéiert.

Virop ëm d'Annonce iwwert d'Pensiounsreform an d'Militärdepensen. Mä och d'Approche vum Luc Frieden gouf vun de siwe Parteien, déi an der Chamber vertruede si, kommentéiert.

Fir seng Approche gouf et mol vum Koalitiounspartner, der DP, keng bonne note. De Fraktiounsspriecher Gilles Baum sot et wier "eng aner" wéi déi vum Xavier Bettel. Hien huet och confirméiert, datt déi liberal Fraktioun net wosst, wat de Luc Frieden a senger Ried iwwert d'Pensioune géif soen, en Dossier, wou een d'Stoussrichtung zesummen ausgeschafft hätt.

"Den Här Premier huet am Etat de la nation annoncéiert, dass vun 2030 un all dräi Méint soll ugepasst ginn an effektiv ass dat eng Informatioun, déi mir leider net haten. Dofir ware mer iwwerrascht. Mir hate se an der Fraktioun net an ech wier frou gewiescht, well ech awer och alt emol den Här Premierminister heiansdo um Telefon hunn. Dat ass awer eng ganz ganz wichteg Decisioun, wou ëmmer gesot ginn ass 'leet eis mol eppes op den Dësch'."
 
Fir den ADR-Fraktiounschef Fred Keup ass de Premier ze vill zeréckhalend an net ëmmer couragéis genuch. 
 
"Wat mir bësse feelt beim Premier ass dee Courage, fir no bausse kloer seng Politik unzekënnegen, déi e gäre mécht. Mir haten trotzdeem e Regierungswiessel virun annerhallwem Joer an ech mengen, datt ganz vill Leit sech do Ännerungen erwaart hunn an déi Ännerunge fannen net wierklech statt, well den Här Frieden, mengen ech, net wierklech wëll drun erugoen. Ech weess net, wat e wierklech denkt. Mir feelt e bëssen dat couragéist no vir goen an ze soen 'do wëlle mer hi mat eisem Land, dat wëlle mer erreechen, do wëlle mer stoen' an dat ass dat, wou ech soen, zeréckhalend, wat den Här Frieden ausmécht."

An den Ae vum Pirat Sven Clement huet de Premier Frieden mat senger Ried fir Kommunikatiounschaos gesuergt. 
 
"De Premier huet hei mat engem Saz an enger laanger Ried e ganze Prozess, wou ganz vill Leit iwwer Méint un hire Positioune geschafft hunn, mat engem Saz an engem Etat de la nation desavouéiert a gesot 'wann et haart op haart kënnt, ech sinn hei de CEO, ech decidéieren vun uewen erof an dat do gëtt gemaach'."
 
Och d'Sam Tanson, d'Spiecherin vun déi Gréng ass nach ëmmer irritéiert iwwert dem Luc Frieden seng Ried a seng Annonce iwwert d'Pensiounen. Schliisslech wier en Etat de la nation kee Brainstorming. 
 
"Dat ass jo eng Ried, dat muss ee sech virstellen, déi gëtt jo am Virfeld geschriwwen, déi muss gedréckt ginn, déi muss iwwersat ginn, déi gëtt bestëmmt X mol iwwerlies. Dat ass jo net improviséiert gewiescht, moies vum Premierminister. Dofir kënne mir eis nëmme wonneren, wéi onprofessionell a chaotesch elo hei virgaange gëtt vun engem, dee grad ugetrueden ass, fir ultra professionell an ultra seriö et ze maachen. Mir gesinn, datt déi Missioun op alle Fall net erfëllt ass."
 
Fir d'Fraktiounspresidentin vun der LSAP ass dat, wat de Luc Frieden sot och net just eng Stoussrichtung. Och d'Taina Bofferding ass verwonnert, datt déi Annonce zu engem Ament koum, wou déi zoustänneg Sozialministesch nach am Consultatiounsprozess ass.

"Si huet consultéiert, si huet ganz breet consultéiert, elo soll de Bericht kommen an dertëschent, Zack, de Premier späizt hir an Zopp, geet eraus a seet 'sou an d'Zukunft ginn d'Cotisatiounsjoren eropgesat'. Dann hätt se sech de ganze Consultatiounsprozess kéinte spueren. Wann ech Sozialministesch wier, wier ech relativ ugepisst vu mengem Premier. Esou eppes mécht een net."
 
De Marc Baum vun déi Lénk huet ënner anerem kritiséiert, datt d'CSV net vun Ufank u mat oppene Kaarte gespillt hätt. 
 
"Annerhalleft Joer nodeems ee gewielt ass, kënnt ee mat esou enger radikaler Propositioun, fir d'Cotisatiounsjoren vu 40 op 45 Joer eropzesetzen. Dat stoung a kengem Walprogramm. Wann dat d'Iwwerzeegung vum Premier, vum Spëtzekandidat vun der CSV war, da soll de Spëtzekandidat an d'CSV dat bei Walen och soen. 'Mir setzen d'Cotisatiounsjore vu 40 op 45 erop'. D'Leit dobausse kënnen da wielen, ob se dat wëllen oder net. Et ass dofir och demokratietechnesch immens bedenklech, wat hei geschitt."
 
Wat d'Investissementer an d'Verdeedegung betrëfft, hat de Premier gesot, bis Enn dës Joers bei 2 Prozent vum RNB ze sinn an, datt et méiglech wier, datt um Nato-Sommet nach méi héich Investissementer kéinte gefrot ginn. Dem Fraktiounsspriecher vun der CSV Marc Spautz no huet dat awer keen Afloss op déi geplangte Steierreform.
 
"Ech ka mer net virstellen, dass dee Projet vun der Individualiséierung, deen de Minister ugekënnegt huet, wou e ganz intensiv amgaangen ass, drun ze schaffen, dass deen net soll kommen. Ech gi souguer dovunner aus an ech mengen, dat huet hien och scho selwer gesot, dass déi éischt grouss Linnen nach virun der Summervakanz op den Dësch kommen. Ech sinn dovunner iwwerzeegt an ech kennen de Finanzminister gutt genuch, dass dat och esou kënnt, wéi hien dat ugekënnegt huet."

Invitéeë waren

Taina Bofferding

LSAP-Fraktiounspresidentin

RTL

Sam Tanson

déi gréng, Spriecherin

RTL

Marc Baum

déi Lénk, Deputéierten

RTL

Sven Clement

Piraten, Deputéierten

RTL

Fred Keup

ADR-Fraktiounspresident

RTL

Gilles Baum

DP-Fraktiounspresident

RTL

Marc Spautz

CSV-Fraktiounspresident

RTL