D'Erausfuerderunge vu muer an den Ëmgang vun deene Jonke mat dëse sinn Thema an dëser Editioun vum Kloertext.

Wärend dem Trounwiessel huet de Grand-Duc Guillaume betount, datt hie sech als Papp vun zwee klenge Kanner vill Gedanken doriwwer mécht, a wéi enger Welt si opwuessen. Hien huet drop gehalen, sech besonnesch un déi Jonk z'adresséieren, well fir si am meeschte géif um Spill stoen.

Mä wat steet fir si um Spill? Wéi eng Erwaardungen hu si a wéi eng Ängschten?

Ënnert anerem ëm déi Froen goung et am Kloertext op der Tëlee, wou d'Caroline Mart hir fënnef jonk Invitéeën awer och gefrot huet wéi, si deen neie Grand-Duc erliewen.
 
De fréiere President vun der nationaler Schülerkonferenz Dany Semedo huet et ganz positiv fonnt, datt deen neie Staatschef ënnerstrach huet, datt hien de Grand-Duc vun all de Leit wëll sinn, déi zu Lëtzebuerg wunnen. Eng Ausso, déi a sengen Aen och e modernen Touch huet. "Et muss ee sech d'Fro stellen, effektiv: 'Ass dat de Fall?' Menger Meenung no net ganz, well mir eng Chamber hunn, déi zwar gewielt ass, mee vun enger Populatioun gewielt ass, déi Lëtzebuerger ass. Dat heescht, déi Net -Lëtzebuerger, déi hunn do kee Matstëmmrecht. An dat bedaueren ech e bëssen. An dofir sinn ech awer och frou, dass de Grand -Duc dat als Missioun gesäit, de Grand-Duc vun all de Leit ze sinn, déi zu Lëtzebuerg wunnen."

De Grand-Duc huet déi Jonk och opgefuerdert, sech méi z'engagéieren. Do ginn et enorm vill Méiglechkeeten. Vun der Musek, iwwert de Sport bis hin zu enger Jugendpartei.

D'Juristin Estelle Née ass déi fréier Generalsekretärin vum Jugendrot a war och an der UNEL engagéiert. Si hätt dee Message anescht ausgedréckt. "Ech mengen dee richtege Message wier gewiescht, fannt eppes, wou dir mat anere Leit gäre maacht a wou dir dat Gefill hutt, dass dir iergendwéi en Deel vun eppes sidd. Dat ass elo vläicht e bëssen abstrakt, mee u sech dat ass den Engagement."

De Jacob Zenthöfer huet sech ganz fréi engagéiert an ass mat 13 Joer scho bei de jonke Grénge Member ginn. Elo mat 16 Joer ass hien do am Exekutivcomité.

Wielen dierf hien nach net, mä fir hien ass säin Engagement eng Manéier, fir awer ze participéieren. Hien ass fest dovunner iwwerzeegt, datt een et zu Lëtzebuerg gutt huet, hie wëll dozou bäidroen, dat dat och esou bleift. Mat Bléck op aner Länner gëtt et do eng konkret Angscht. "Ech gesinn, datt mir vill Extremismus op der ganzer Welt hunn. Mir hunn am Ausland Extremismus. Ech mengen, et war fir Lëtzebuerg ni gutt, wann Extremisten am Ausland regéiert hunn. An ech wëll net, datt dat hei geschitt, well dofir läit mir dat, wat mir hei hunn, ze vill um Häerz."

Datt de Logement ee vun de grousse Problemer am Land ass, ass keng Iwwerraschung. E betrëfft natierlech och déi méi eeler Generatiounen, mä grad déi Jonk hunn et besonnesch schwéier.

D’Clémentine Offner ass ënnert anerem Masterstudentin an der Psychologie. "Et ass einfach just dee Status vu Student, do kann een net mol hoffen, eng Chance ze kréien, eppes um Marché hei ze fannen, well ee kee CDI huet. An ouni CDI kritt een direkt gesot 'Nee', och wann d'Eltere souguer d'Moyenen hätten. Dat ass wierklech ee vun de grousse Problemer, well et gëtt oft awer gesot, 'Ah jo, d'Uni, si misste méi Studentewunnengen hunn. An, jo, si wëllen d' Uni ausbauen, mee et gëtt net genuch Wunnraum.' Mee dat gëtt et och net nëmmen déi am Ausland. Et ass éischter de Problem, dass den Ënnerscheed tëschent de Präisser, dat ass esou héich ass, tëschent deem, wat d'Uni ubitt, an deem, wat een da géif um privater Marché fannen. An zweetens, wéi ech sot, wann een net eent Kontrakt huet, dass een dann net mol eng Chance kritt."

Eppes anescht mat deem grad déi Jonk vill konfrontéiert ginn, ass d'Kënschtlech Intelligenz virun där de Grand-Duc och gewarnt huet.

An den Ae vum President vun de Jonksozialisten a Kielener Schäffen Max Molitor bedeit d'KI eng ganz grouss Revolutioun an d'Politik wier sech nach net bewosst, wéi dringend et wier ze handelen a wéi séier déi Revolutioun kënnt. "Ech mengen, den Dany huet gesot, wann een zwee Joer zréckkuckt, dräi Joer zréckkuckt an dat mat haut vergläicht, wéi schnell een, oder wéi schnell sech d'Saache verännert hunn, dann ass dat op där enger Säit natierlech gutt a produktivitéitssteigerend. Op där anerer Säit awer och geféierlech. Wat mir Angscht mécht, ass d'Entwécklung an de Schoulen, well ech awer fest dovun iwwerzeegt sinn, dass et wichteg ass, dass een e gewëssene kritesche Geescht behält, dass een deen och bäibruecht kritt. Well wann duerno déi eenzeg Wourecht fir een ass, d'Äntwert vun deene verschiddene Modellen, ech mengen da komme mer an eng Gesellschaft vu op eemol Tech -CEOen driwwer decidéieren, wat mir nach wëssen a wat mer dierfe wëssen a wat mer och nach solle wëssen."

Aner Suerge vun deene Jonken sinn de Klimawandel an de Krich. Wann een e puer Generatioune géif zeréckgoen, esou de Max Molitor, hätt ee relativ sécher kënne sinn, dass an deenen nächsten 10 Joer net alles ronderëm een an d'Luucht flitt. Haut hätt een déi Sécherheet net méi.

D’Diskussioun en Donneschdegowend am Kloertext nom Journal mat dësen Invitéen:

Max Molitor: President Jonksozialisten (JSL). Schäffe Gemeng Kielen

RTL

Clémentine Offner: Masterstudentin an der Psychologie. Entrepreneuse

RTL

Estelle Née: Juristin. Fréier Generalsekretärin Jugendrot. Fréier an der UNEL engagéiert

RTL

Jacob Zenthöfer: Schüler am Lycée Ermesinde. Am Comité exécutif vun déi jonk gréng

RTL

Dany Semedo: Studéiert Politikwëssenschaften zu Namur. Fréiere President National Schülerkonferenz (CNEL). EU-Jugenddelegéierten

RTL